VIDEO - "Ich liebte ein Mädchen"Däitsche Komiker Ingo Insterburg stierft mat 84 Joer

Hien huet mam Karl Dall geschafft a Kënschtler wéi Otto a Mike Krüger inspiréiert. A säi Lidd "Ich liebte ein Mädchen" ass bis haut net vergiess ...

© Disuna/Wikipedia
... dora jo och d'Zeilen: "Ich liebte ein Mädchen in Luxemburg, die liebte Ingo Insterburg".



Den Ingo Insterburg huet Lidder geschriwwen a gesongen. An den 1960er Joren huet hien zesumme mam Comedian Karl Dall, dem Acteur Jürgen Barz an dem Auteur Peter Ehlebracht d'Band Insterburg & Co gegrënnt - zu engem Zäitpunkt, wéi de Begrëff "Stand-up-Comedy" an Däitschland nach quasi onbekannt war.



D'Band huet séier Kultstatus kritt, wéinst hirem neien Typ vun Entertainment: Gesongen Dommheeten, also "Blödel-Musek", a Parodien waren eng nei Zort vun Ënnerhalung.

D'Band war domat och Virbild fir Kënschtler wéi den Otto an de Mike Krüger.

Zu Berlin huet den Ingo Insterburg eng Zäitlaang mam Klaus Kinski (+1991) an enger WG gelieft.



No kuerzer schwéier Krankheet ass den Ingo Insterburg, dee sech selwer als "Musek-Komiker" definéiert huet an e sëllechen Instrumenter spille konnt, elo zu Berlin an engem Hospiz gestuerwen. Hien ass 84 Joer al ginn. Säin Hit "Ich liebte ein Mädchen aus ..." dierft nach laang weiderliewen.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.