Schnëssen-App vun der UniKürbis oder Kalbass? An e Kalbass oder eng Kalbass?

"Hien huet e Kapp wéi eng Kalbass! – De Kürbis." Esou d'Iwwerschrëft vun der neister Enquête vum Institut fir Luxemburgistik vun der Uni Lëtzebuerg.

Mam Afloss vum amerikaneschen Halloween, dee méi a méi an Europa eriwwerkënnt, erënneren d'Leit sech och nees méi un de lokale Brauch vum Trauliicht. Waren et an der Groussregioun nach Rommelen, déi ausgehielegt goufen, hunn d'Iren an Amerika Kürbisse genotzt, wéi d'Auswanderer déi Traditioun mat an déi nei Welt geholl hunn. Zanter datt awer zu Lëtzebuerg manner Rommelen an der Landwirtschaft ugebaut ginn, notzen d'Leit am Land och hei elo dat grousst, ronnt Geméis, fir dran ze schnëppelen. Um 31. Oktober war dat fir d'Schnëssen-Ekipp Grond genuch, sech mat der Bezeechnung vun dëser Planz auserneenzesetzen.

Kürbissen oder Kalbassen zu Mäertert an der Rue du Port.© Luc Marteling (Archiv)


An enger éischter Phas sollt analyséiert ginn, wéi een Ausdrock d'Leit am meeschte benotzen, an do ass d'Resultat däitlech. 1.100 Schnësserten hunn hir Äntwert an de Smartphone geschwat an d'Opnam iwwer d'App eropgelueden ... a genee 80 % benotzen de Begrëff Kürbis, an dat ouni déi Notzer ze zielen, déi méi wéi ee Wuert uginn hunn. Doduerch weist sech schonn, datt aner Varianten nëmme minimal kënne vertruede sinn. Den Ausdrock Kalbass ass méi oder manner present, mä dëst allerdéngs nëmme mat 14,3 %.



De Kierbis/Kierbes ass zwar quantitativ net staark representéiert (1 %), mee sproochlech weist en op e ganz interessante Prozess hin. An dësem net ongewéinlechen Assimiliatiounsprozess gi geléinte Wierder aus anere Sproochen an d'Zilsprooch integréiert. An dësem Fall hunn d'Spriecher d'Wuert Kürbis doduerch ugepasst, datt se den däitschen -ü duerch en -ie ersat hunn. Datt dëst e relativ jonke Phenomen ass, kann een aus dem Alter vun de Spriecher ofleeden. Déi 11 Schnësserte waren ni méi al wéi 34 Joer, sou datt ausschliisslech jonk Spriecher dës Aussprooch genotzt hunn. Et bleift deemno spannend, dës sproochlech Entwécklung wieder z'observéieren.



Iwwerraschend war d'Analys allerdéngs virun allem beim Artikel vum Begrëff Kalbass. Beim Kürbis huet d'Majoritéit (bis op wéineg Ausnamen) de männlechen Artikel e benotzt: E Kürbis.

Vun deenen 144 Participanten, déi Kalbass mat Artikel soten, ass et exakt fir d'Halschent jeeweils dee männlechen (E) respektiv weiblechen Genus (ENG). 72 Spriecher soen e Kalbass, ma awer och 72 Spriecher eng Kalbass. Dës Variatioun weist erëm op eng Aart vu Sproochwandel hin – an zwar deen, deen de Genus betrëfft. Dem Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) no ass déi weiblech Form déi korrekt, also eng Kalbass an och dat méi aalt Luxemburger Wörterbuch lëscht Kalbass nëmme mat weiblechem Artikel op. Interessanterweis war och de Kürbis am fréien Neihéichdäitsche vun deem Phenomen betraff.



Verschidde Quelle beleeën, datt dëse Begrëff deemools och mat weiblechem Artikel kombinéiert gouf (eine Kürbis/eng Kürbis, wat an dëser Auswäertung just fënnef mol beluecht ass). Kuckt ee sech de Genus nom Alter un (visualiséiert um Diagramm) erkennt een, datt engersäits Leit iwwer 65 Joer nëmmen eng benotzen, de Grupp vu 35 bis 44 Joer awer majoritär en als Artikel hëlt. Regional léisst sech leider keen Trend feststellen, sou datt eng Distanz zur Nopeschsprooch Däitsch oder Franséisch keen Opschloss iwwer d'Genuswiel gëtt, genee wéi d'Geschlecht vun de Spriecher keen Afloss op de Choix huet.



Doriwwer eraus gouf et bei der Kalbass e semantesche Wiessel bei der Entleenung. Ob d'Wuert elo aus dem Däitschen oder dem Franséischen iwwerholl ginn ass, ass net ze rekonstruéieren. Allerdéngs kann een déi ursprénglech Quelle bis bei d'spuenescht calabaza an doriwwer eraus bis zeréck an d'Arabescht novollzéien.



An all deene Sproochen ass eng spezifesch Zort Kürbis gemengt, nämlech e Fläschekürbis, wärend am Lëtzebuergesche Kalbass allgemeng fir d'Planz genotzt gëtt. D'Restriktioun vun dëser Bestëmmtheet ass soumat verluer gaangen a faasst sech elo méi wäit.



D'Schnëssen-Ekipp wënscht alle Schnësserten a Lieser, datt d'Trauliichter déi béis Geeschter aus hiren Haiser verdreiwen a si e puer roueg Deeg kënne verbréngen. An deem Sënn:

Ech sinn de groussen Hexemeeschter,
A wann ech Hokes Pokes son,
Sinn all Gespenster wéi all Geeschter,
Mir ënnerdon, mir ënnerdon!

Weider Artikelen iwwer d'Schnëssen-App, mat der Summerserie iwwer ausgewielte Wierder.

Dir wëllt matschnëssen?
"Schnëssen" ass déi éischt App, fir d'Lëtzebuerger Sprooch vun haut an all hire Facettë mat Toun-Opnamen ze erhiewen an ze dokumentéieren. D'App ass Deel vun engem Projet vum "Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft" op der Universitéit Lëtzebuerg. Et geet drëm, d'Lëtzebuerger Sprooch an hirer ganzer Bandbreet, also mat hiren Dialekter, ze erfaassen.

Weider Artikelen iwwer d'Schnëssen-App, mat der Summerserie iwwer ausgewielte Wierder.

D'App ass ganz spilleresch opgebaut, esou geet et zum Beispill drëm ze beschreiwen, wat een op engem Bild gesäit oder eppes ze iwwersetzen. Esou soll gesammelt ginn, wat alles am Lëtzebuergesche virkënnt, e Richteg oder Falsch gëtt et do net, et geet ëm d'Erhiewe vun Daten respektiv Donnéeën, net ëm d'Verbesseren oder d'Virschreiwen. Dat ass zum Beispill och bei der Fro nom "Auto(s)festival" esou - wéi een et ausschwätzt, ass egal: D'Fuerscher wëlle just erausfannen, wéi vill Prozent d'Variant mat s a wéi vill déi ouni s benotzen ... Déi eenzel Äntwerte ginn opgeholl an un d'Uni geschéckt. Dat mécht d'App vum selwen. De Set vu Biller a Froe gouf iwwer de Summer och schonn erweidert.

D'App Schnëssen – Är Sprooch fir d'Fuerschung gëtt et fir iOS an Android. Se ass gratis.



Facebook: https://facebook.com/schnessen
Twitter: https://twitter.com/schnessen
Internet: https://infolux.uni.lu/schnessen
E-Mail: schnessen@uni.lu

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.