Den AtelierRammstein den 20. Juli fir en Open Air um Herchesfeld

No engem spannende Countdown huet den Atelier een neie Mega-Event lancéiert: Rammstein kënnt den 20. Juli fir en Open Air op Lëtzebuerg.

Wann een an de leschte Stonnen um Site vum Atelier den Agenda wollt opmaachen, koum een op enger Säit mat engem dubiose schwaarz/wäisse Video mat Countdown eraus. Drop ze gesinn eng maskéiert Persoun mat enger Fackel, deen duerch Felder an duerch eng eidel Fabrick trëppelt an un de Mauere kraazt. 

Pénktlech nom Oflaf vum Countdown e Freideg de Moien um 10 dann d'Annoncement, dass Rammstein den 20. Juli d'nächst Joer nees op Lëtzebuerg kënnt. Awer net fir iergendee Concert, Nee, fir Open Air um Herchesfeld zu Réiser.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.