Lavocati-saurus agrio-ensisPaläontologen hunn an Argentinien eng nei Dinosaurier-Aart entdeckt

Se si scho Millioune vu Joren ausgestuerwen, ma nach ëmmer gi Fuerscher nei Saachen iwwert si gewuer.

© AFP

Am Süde vun Argentinien, no un den Anden, goufe Fossilie vun engem 12 Meter laangen Dinosaurier fonnt – engem Planzefrësser.

De Skelett wier gutt erhalen, mat engem Scheedel-Fossil, Deeler vum laangen Hals oder och vum Schwanz.

Déi nei entdeckten Aart krut den Numm "Lavocati-saurus agrio-ensis" a soll viru ronn 110 Millioune Jore gelieft hunn.