VIDEO: Patrimoine "Off the map"Wat bedeit Patrimoine? Äntwert vu Schüler vum Mierscher Lycée

Iwwer eise Patrimoine, den Ëmgang domadder, an d'Geforen, deenen en ausgesat ass, wa keen e méi brauch.

Wat bedeit Patrimoine? Äntwert vu Schüler (04.11.2018)
Iwwer eise Patrimoine, den Ëmgang domadder, an d'Geforen, deenen en ausgesat ass, wa keen e méi brauch
Doriwwer gëtt dacks dann eréischt diskutéiert, wann en Objet soll verschwannen. Ma, datt kee sech fir dat Aalt intresséiert, ass awer falsch: Sou weisen am Tunnel am Stater Gronn, 3 Schüler aus dem Lycée Ermesinde vu Miersch, wat Patrimoine fir si bedeit.

Symmetresch, kal, abstrakt, Metall, verlooss: dës Wierder ginn engem spontan duerch de Kapp, wann ee mam Lift aus dem Gronn erop op den Helleggeescht-Plateau wëllt fueren. Well am Tunnel gesäit een engersäits ganz kloer propper Linnen, an da fillt een an d'Gewurschtels a Knascht, an eng Atmosphär vu Vergänglechem. Dat engt wéi dat anert ass Patrimoine!



Dat hei huet näischt ze di mat politeschem Wëllen, et geet hei och ëm e fir oder géint d'Erhale vum Patrimoine. Et ass eng perséinlech, eng fräi Vue aus den Ae vun 3 Schüler, deenen hier Passioun d'Fotografie ass.
 
Wuelverstanen ass et dee verbrannten an dunn nei opgebaute Kathedralsdaach, deen de jonke Fotografen esou impressionnéiert. Dee gekräizte Stol gemixt mat Holz, iergendwéi géif hei näischt zesummepassen. An awer ass fir si Ales mat Modernem kompatibel. Duerch dëse Projet, op deen de Capel si bruecht huet, koume si hannert d'Kulissen, a genee dat Friemt an Onbekannt weisen déi 3.

Vum 20. September 2018 bis Enn Januar 2019 am Tunnel am Gronn.
En Deel vun der Expo, Fotoe vum Silo zu Miersch, kann een och vum 13. Dezember bis den 13. Mäerz 2019 am Mierscher Kulturhaus gesinn.
Vum 13. Dezember u gesäit een also am Kulturhaus e Stéck méi, e Stéck anescht zréck an déi industriell Vergaangenheet vu Miersch. Wie méi iwwer d'Fotografe wëllt gewuer ginn, fënnt dat op www.flare.pics.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.