Am GespréichAlex Reding

En Interview mam Direkter vun der Art Week, deen donieft selwer Galerist a Konscht-Kenner ass. E Méindeg de Mëtteg war hie bei eis am Studio.

Am Gespréich: Alex Reding (05.11.2018)
En Interview mam Direkter vun der Art Week, deen donieft selwer Galerist a Konscht-Kenner ass. E Méindeg de Mëtteg war hie bei eis am Studio.
Vum 9. bis den 11. November ass d'Luxembourg Art Week an der Hal Victor Hugo um Lampertsbierg. Donieft ass de Salon vum Lëtzebuerger Cercle Artistique am Tramsschapp, bis de 15. November, déi éischt Hallschent vun dësem triste Mount vum Joer gëtt also ganz faarweg.

Mat eisem Invité hu mer iwwert d'Konschtzeen zu Lëtzebuerg geschwat. Hien huet eis och verroden, wou d'Iddi fir den Event hierkoum a wéi de geneeë Programm vun 'Positions' an 'Take Off' ausgesäit, esou ass d'Art Week nämlech opgedeelt.

Am Gespréich: Alex Reding



D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.