VIDEO-ReportageExpo: Jean Mich – Un sculpteur luxembourgeois à Paris

E Charakterkapp, esou kéint een d'Personalitéit vum Jean Mich beschreiwen.

Expo: Jean Mich – Un sculpteur luxembourgeois à Paris (06.11.2018)
E Charakterkapp, esou kéint een d'Personalitéit vum Jean Mich beschreiwen.
Hie gëllt als ee vun de bedeitende Kënschtler fir de Jugendstil zu Lëtzebuerg, hat awer zum sengem Heemechtsland net ëmmer en einfacht Verhältnis. Eng Ausstellung kuckt elo op d'Wierk vum Sculpteur zréck.

1871 als Bouf vun engem Schräiner zu Miechtem gebuer, decidéiert de Jean Mich awer no senger Léier, zu Paräis Skulptur ze studéieren. 1902 kritt hien eng Medail um "Salon des Artistes français" an ass am nämmlechte Joer zu Lëtzebuerg den éischte Laureat vum "Prix Grand-Duc Adolphe".

Ëffentlech Opträg un de Kënschtler, wéi d'Statue beim Gebai vun der Spuerkeess, sinn awer dacks mat Konflikter verbonnen. Säi selektionéierten Entworf fir eng Trapp am Cercle Municipal zitt hie wéinst engem Sträit nees zréck.

Den zweete Sall vun der Ausstellung beschäftegt sech mat der orientalistescher Konscht vum Jean Misch, déi vun engem Openthalt a China inspiréiert gouf. Hei sollt hien zu Hanyang ënnert der Opsiicht vum Schmelzdirekter Eugène Ruppert e Monument fir de Vizekinnek realiséieren.

Wéinst der Revolutioun vun 1911 huet hien dës Aarbecht awer missen ofbriechen. Aus dëser Zäit staamt och säi Chih Fan, ee kolonialistesch ugehauchte Portrait, deen och säi gréisste kommerzielle Succès gouf. Trotzdeem konnt de Jean Mich knapps vu senger Konscht liewen an huet dacks missen d'Adress wiesselen, wat d'Recherchë fir d'Ausstellung schwéier gemaach huet.

Jean Mich – Un sculpteur luxembourgeois à Paris nach bis Enn Mäerz 2019 am "Musée national d'histoire et d'art" ze gesinn.