Philharmonie"Rainy Days" ass e Festival vun der neier Musek

Déi 18. Editioun steet ënnert dem Thema "Get real" a stellt d'Fro, wéi sech d'Musek par rapport zur Realitéit verhält.

Vum 13. bis de 25. Oktober solle 16 Concerten a Performancen, iwwer 15 Premièren an eng Konferenz weisen, wéi zäitgenëssesch Musek Undeel u Realitéiten baussent de Concertssäll huet. Nei sinn dëst Joer dofir och Concerte bei private Leit doheem.

Festival "Rainy Days"/Reportage Claudia Kollwelter

"Your place or mine" heescht dat neit Format vum Festival fir dat privat Leit dem Public hiren Salon zur Verfügung stelle fir e Concert am eegenen Living. Geplangt si 7 kuerz Concerten a verschiddene Stuffen an dono en Ofschlossconcert an der Philharmonie - dat ganzt vum Ensemble Nadar aus der Belsch. D'Festivaldirektesch Lydia Rilling betount, dass et een Ensembel ass, wat sech vill domat beschäftegt, wéi Technologien a virtuell Welten eisen Alldag veränneren.

De Festival soll weisen, op wéi vill verschidde Manéieren zäitgenëssesch Musek mat Realitéite verbonne ka sinn.

Traditionell ass och den OPL deel vum Festival mat dräi grousse Premièren - ënnert anerem wäert et déi éischte Kéier sinn, datt d'Première vun enger Komponistin gespillt gëtt. Beim Festival gouf awer wéi all Kéiers och un déi méi kléng Museksfrënn geduecht. Kanner tëscht 10 a 14 Joer kënnen un engem Workshop deelhuelen.

Den Ofschloss vum Festival mécht och dëst Joer de Bal contemporain zesumme mat United Instruments of Lucilin am Sascha Ley.

PDF: Den offizielle Communiqué (version française)

PDF: Den offizielle Communiqué (deutsche Version)

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.