Sold OutRammstein-Tickete no net emol 4 Stonnen ausverkaf

Den 20. Juli spille Rammstein um Herchesfeld. Ticketen, déi en Donneschdeg um 10 Auer an de Verkaf gaange sinn, waren no 3 Stonnen an 30 Minutten ausverkaf

Wéi verschidde Leit eis am Laf vum Moie matgedeelt haten, gouf et Problemer beim Verkaf vun den Ticketen. Esou krute vill Leit eng Meldung "Order Pending", awer net genau gesot, ob si elo Tickete hunn, oder net. Mir hunn am Laf vum Mëtteg probéiert, fir beim Atelier nozefroen, ma do konnte mir bis elo nach Kee fir eng Stellungnam erreechen.






Sollt dir awer elo keng Ticketen iwwert den direkte Verkaf kritt hunn an et anerwäerts probéieren, gëllt et opzepassen. Op verschiddene Plazen ginn d'Tickete fir d'Herchesfeld elo scho fir bis zu bal 1.000 Euro ugebueden.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.