VIDEO a FOTOEN: Luxembourg Art Week 201890 Exposanten aus 7 verschiddene Länner si mat dobäi

Dëse Weekend ass déi 4. Editioun vun der Luxembourg Art Week. An der Victor Hugo Hall um Lampertsbierg stellen nees eng sëlleche Galerien aus.

D’Konschtfoire ass mëttlerweil e jäerleche Rendez-vous fir national an international Galerien. D'Konscht gëtt hei grouss geschriwwen an d'Galeriste presentéieren hir Kënschtler a Kënschtlerinnen. 90 Exposanten aus 7 verschiddene Länner si mat dobäi a stellen zäitgenëssesch a modern Konscht aus.

FOTOGALERIE: Impressioune vum VERNISSAGE vun der Luxembourg Art Week 2018 (9.11.18)

FOTOGALERIE: Impressioune vum PREVIEW vun der Luxembourg Art Week 2018 (8.11.18)

Luxembourg Art Week 2018 (09.11.2018)
Dëse Weekend ass déi 4. Editioun vun der Luxembourg Art Week. An der Victor Hugo Hall um Lampertsbierg stellen nees eng sëlleche Galerien aus.

De Prinzip vun enger Konschtfoire ass a bleift deen nämmlechten: D’Visibilitéit an de Verkaf stinn hei am Virdergrond. Mat der Luxembourg Art Week huet een den Take Off, dee méi abordabel Präisser ubitt bis hin zu de Positions, wou och emol Meeschterwierker vun de grousse Kënschtler ugebuede ginn. All Galerie huet hir Spezialisatioun, sou och Artskoco, si weise just Konscht aus Korea.

D’Foire rassembléiert net nëmme Galeriste, ma och Konscht Associatioune wei den Hariko, Atelier empreinte oder de Sixhtfloor. Nei Positioune sinn dobäi komm wéi de CNA, wou Fotosbicher verkaf ginn oder och nach d’Valerius Art Gallery, wou eréischt zënter 1 Joer existéiert. Hie stellt jonk Kënschtler den Etabléierte géigeniwwer.

D‘Luxembourg Art Week konnt an de leschte 4 Joer wuessen an ass deemno och méi grouss ginn, wat d'Unzuel vun den Exposanten ugeet. Vun neien Tendenzen um Konschtmarché kann een awer net onbedéngt schwätzen. Ma éischter vun Zyklen, wou verschidde Genrë méi dacks opdauchen.

Niewent der Ausstellung ginn am Programm vun der Art Week och nach Konferenzen an Artist Talks iwwer verschidden Themen aus der zäitgenëssescher Konscht ugebueden. De ganzen Event dauert bis de Sonndeg.

E Freideg de Moien um 11 Auer sinn d'Diere fir de Public opgaangen, mä schonn en Donneschdeg den Owend goung et lass mat auserwielten Invitéen.

Luxembourg Art Week 2018 (08.11.2018)
Dëse Weekend ass déi 4. Editioun vun der Luxembourg Art-Week. An der Victor Hugo Hall um Lampertsbierg stellen nees eng sëlleche Galerien aus.


D'lescht Joer waren 11.000 Visiteure bei der Luxembourg Art-Week. Och 2018 erwaart ee sech nees vill Leit aus der ganzer Welt an den Entrée ass gratis.

PDF: Schreiwes Luxembourg Art Week