VIDEO: ElectropiaDëse Weekend ass de gréissten Elektro-Indoor-Festival vu Lëtzebuerg

E Freideg an e Samschdeg ass den Electropia-Festival an der Lux Expo The Box. 14 international DJe si mat dobäi, ënnert anerem och den Afrojack.

Electropia (08.11.2018)
Impressioune vum Festival
An den nächsten Deeg ass déi 1. Editioun vum Electropia an der Lux Expo The Box um Kierchbierg. Fir d'Organisateuren eng Erausfuerderung ëmmerhi ginn eng 3.000 Fans vun der elektrescher Musek erwaart.

Nieft dem DJ Afrojack e Freideg den Owend an dem DJ Claptone e Samschdeg sinn déi 2 Deeg nach Lvndscape, WolfPack, R3hab, Juicy M, Aka aka a Beatamines a Matchy mat vun der Partie.



Bei de Kollege vum RTL Today kënnt Dir 2 Koppelen-Tickete fir déi 2 Deeg gewannen.

RTL Today: Competition - Festival: Win two two-day passes to Electropia!


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.