Escher Theaterkollektiv ILLFestival "Queer Little Lies": Stereotyppen a Fro gestallt

Selbstverständlechkeeten iwwer Geschlechter, Sexualitéit, de mënschleche Kierper a sexuell Besoine sollen a Fro gestallt ginn.

Dat ass d'Iddi hannert engem neie Festival mam Numm "Queer Little Lies" vum Escher Theaterkollektiv ILL. Vum 30. November bis den 2. Dezember sollen am Escher Theater déi Leit eng Bühn gebuede ginn, déi verschidden Normen de-konstruéieren. Mat Hëllef vun Theater, Film, Expo a Workshoppe solle gewësse Stereotyppen a Fro gestalt ginn.

Festival Queer Little Lies / Reportage Claudia Kollwelter

Den Therme "queer" huet am Fong 2 Definitiounen, wéi d'Produktiounsleederin vum Festival Sandy Artuso erkläert. Engersäits fält dorënner alles aus dem LGBTIQ Spektrum. Déi zweet Definitioun ass méi verankert an enger politescher Traditioun. Riets ass vun der queer Theorie, wou eben d'Normen, zu ënner anerem Geschlechter a Sexualitéiten, a Fro gestallt ginn. Domadder wëll een den hetero-normative System an deem seng Ausriichtung kritiséieren.

Gesicht goufe Kënschtler, déi sech an hirer Arabescht kritesch mat Hetero-Normativitéit am Geschlecht ausernaner sëtzen. Discoursen, déi zu Lëtzebuerg nach net sou üblech sinn. Dat weist sech dann och an deem méi internationalen Lineup, mat Kënschtler vu Paräis, Berlin oder Zürich.

Nieft enger Ausstellung, Spektakelen an enger Filmprojektioun ginn, awer och eng Partie Workshoppen ugebueden. Dorënner zum Beispill den "Drag King". D’Enrica Pianaro vum Cigale, dem Centre d'Informatioun Gay et Lesbien mat den Detailer. Hei geet et drëm fir sech mat der Dekonstruktioun vu binäre Männlechkeet- a Weiblechkeetsmuster ze befaassen. An och, wéi d'Leit selwer, déi Iddien a Verhalensweisen schonn integréiert hunn. Dat, well mir och scho mam Muster opwuessen, wat e Mann a wat eng Fra ze maachen oder ze sinn huet. Beim "Drag King"-Workschop kann een dat dann effektiv mat sengem eegene Kierper testen. Et gëtt dann och getest, wéi wäit ee Männlechkeet, respektiv Weiblechkeet kann zéien an et gëtt gekuckt, wat et dertëscht gëtt, respektiv net gëtt.

De komplette Programm vum Queer Little Lies Festival fannt der ënnert www.ill.lu

PDF: De Pressedossier vum ILL

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.