RIPStan Lee, Papp vu ville Marvel-Comic-Helden, gestuerwen

Am Alter vu 95 Joer ass de Stan Lee, deen als Papp vu ville Superhelden, dorënner de Spiderman an den Hulk, gëllt, gestuerwen.

Ville Fans vu Comics awer och vu Comic-Verfilmungen dierft de Mann bekannt sinn. De Stan Lee huet ënner anerem, dacks an Zesummenaarbecht mam Jack Kirby, Figure wéi den Hulk, Iron Man, Thor oder Spiderman erfonnt. Donieft stécht hien och hannert den X-Men an de Fantastic 4.

Weider ass hien a ville Marvel-Verfilmungen an sougenannte Cameo-Rollen opgetrueden, dat emol als Hot-Dog-Verkeefer, als Fed-Ex-Livreur, an Diskussioune mat Aliens oder als eeleren Här, dee mam Mupp spadséiere geet. De Stan Lee soll awer nach an den Avengers 4 ze gesi sinn, eng lescht Cameo posthume.



Wéi "TMZ" schreift, hätt d'Duechter vum Zeechner den Dout vun hirem Papp confirméiert. Hie wier e Méindeg de Moien an d'Spidol komm, wou hie gestuerwe wier.

Gebuer gouf de Stanley Martin Lieber den 28 Dezember 1922. Am Alter vun 19 Joer ass hien der Arméi bäigetrueden, obwuel hie virdru scho verschidde Comics publizéiert hat. Am zweete Weltkrich huet hien an enger Aart Propaganda-Divisioun geschafft, wou hie fir d'Arméi Skripte fir Filmer geschriwwen huet, awer och Sloganen entworf a Comics gezeechent huet. Offiziellen Title war "playwright"



De groussen Duerchbroch koum dunn an den 1950er an 1960er Joren, wéi hie fir Marvel vill vun hiren haut bekanntste Figuren erfonnt huet. Bal all senge Figuren huet de Stan Lee e mënschlech Touch ginn, och wann et Superhelde waren. Si haten hir Feeler an hir Problemer, déi se, nieft hire Superbéisen, och ze bekämpfen haten.

1972 gouf de Stan Lee du Publisher vu Marvel a méi spéit esouguer President vum Virstand, eng Positioun, déi hien awer nees opginn huet, fir eben nees aktiv u Comics kënnen ze schaffen. Enn de 70er Joren dunn huet Marvel hien als Gesiicht vun der Entreprise agesat, esou deatt de Stan Lee vill ëffentlech Optrëtter, dorënner op Comic-Book-Conventions oder bei Léisunge, konnt maachen.



Fir seng Wierker an Figure gouf de Stan Lee mat ville Präisser ausgezeechent, dorënner 2008  mat der National Medal of Arts, déi vum US-Kongress vergi gëtt.

Den 12. November 2018 ass de Stanley Martin Lieber dunn an engem Spidol zu Los Angeles gestuerwen. Excelsior, Stan Lee!

Verschidde Reaktiounen op Twitter

















Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.