Walfer Bicherdeeg24. Editioun nees Erfolleg, RTL-Dictée um Sonndeg

D’Walfer Bicherdeeg sinn de Rendez-vous, fir all d’Leit déi gären liesen, och d'RTL-Dictée ass ewell e feste Bestanddeel vum Evenement.

Et ass ewell schonn déi 24. Editioun vum Evenement, dat an de leschte Joren ëmmer ronn 12.000 Visiteuren ugelackelt huet. Op deenen ronn 100 Stänn ginn och eng ganz Rëtsch nei Bicher aus den In- an Ausland presentéiert. 

Dës Editioun vun de Walfer Bicherdeeg steet ënnert dem Motto „Kultur ierwen a verierwen“. D'Claudine Trauden vun der Gemeng Walfer erkläert, datt dëse Motto un d'Année européenne du patrimoine culturel gebonnen ass. Et géif drëms goen, de Leit op ënnerschiddleche Manéiere Kultur ze vermëttelen. De Programm vun de Bicherdeeg wier genee doropper ausgeriicht.

Et kann een dann och vill Auteure perséinlech treffen, fir en Autogramm oder e kléngt Gespréich. Verschiddener presentéieren hir nei Bicher a liesen draus vir. Sou zum Beispill d'Sandra Baumgärtner vun Tréier, déi gutt ukomm ass mat hirem neie Kannerbuch.

Ma och fir d'Grouss gëtt et eng ganz Rei Liesungen. D'Schrëftsteller Lambert Schlechter a Pierre Joris hunn hir zesumme gemaach, op Englesch an op Franséisch. D'Nolauschterer ware begeeschtert. Ënnert hinnen d'Emmanuelle Rabu, déi selwer schreift an extra vu Nantes op Lëtzebuerg komm ass fir d'Bicherdeeg. D'Liesung vun den zwéi Lëtzebuerger Auteuren huet hir besonnesch gutt gefall.

D'Walfer Bicherdeeg schéngen erëm e grousse Succès ze sinn. Dat weist, sou de Lambert Schlechter, datt Bicher a Literatur net aus der Moud kommen.

De Freideg Owend stoung zu Walfer ganz am Zeeche vum Nationaldichter Dicks mat enger Produktioun vun dentheater.lu

PDF: De Programm vun de Walfer Bicherdeeg 2019



Um Sonndeg vun 10 Auer un steet dann d’RTL-Dictée zu Walfer am groussen Zelt nieft dem Centre Prince Henri um Programm. Fir déi 23. Kéier kann ee sech bei 3  Diktater versichen:

um 10h15 Auer: op Lëtzebuergesch
um 11 Auer: op Däitsch
a géint 11h30 Auer: op Franséisch

Jiddereen, dee matschreift, kritt e Buch a fir déi mat de mannste Feeler ginn et Akafsbongen am Gesamtwäert vun 1.000 Euro.


Mir streamen natierlech och nees Live vun der Plaz. D'RTL-Dictée kann een deemno op RTL.lu an op der App mat suivéieren.

D'Präisiwwerreechung ass tëscht 14h30 a 15 Auer.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.