VIDEO: 11. Editioun Sonic VisionsE Weekend, fir Musek ze lauschteren an driwwer ze schwätzen

Wärend dëse Weekend zu Walfer d'Bicher an d'Literatur am Mëttelpunkt stinn, dréint sech um Belval alles ronderëm d'Musek.

11. Editioun vum Sonic Visions (16.11.2018)
Während dëse Weekend zu Walfer d'Bicher an d'Literatur am Mëttelpunkt stinn, dréint sech um Belval alles ronderëm d'Musek.
Ënnert den alen Héichiewen gëtt déi 11. Editioun vun "Sonic Visions" organiséiert. De Serge Pauly verréit, wat dëse Musekfestival esou besonnesch mécht, an op wéi eng Highlights ee sech dëst Joer freeën kann.

Op den éischte Bléck ass "Sonic Visions" e ganz normale Musekfestival. Mä an de leschte Joren huet sech dës Initiativ vun der Rockhal an hirem Rocklab zu enger richteger Plattform fir d'Lëtzebuerger Musekszeen entwéckelt. Hei trëfft ee sech, fir Musek ze lauschteren, an - dat ass op d'mannst grad esou wichteg - fir iwwert Musek ze schwätzen.

De Grand Public interesséiert sech éischter, fir dat, wat op de mëttlerweil 4 Bühne gebuede gëtt. Ee vun den Headliner ass beispillsweis de Fransous Eddy de Pretto, dee Chansons an R'n'B matenee vermëscht. Mä och national Kënschtler kréien d'Geleeënheet virun engem méi grousse Publikum ze spillen, dëst Joer sinn dat ënnert anerem de jonken Hiphopper Maz oder Bartleby Delicate, de Solo-Projet vum Seed-To-Tree-Sänger Georges Goerens.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.