RTL-Dictée 2018D'Marielle Molitor an d'Samira Hoffmann deele sech déi 1. Plaz

Am Kader vun de Walfer Bicherdeeg war dëse Sonndeg déi 23. Editioun vun der grousser Dictée zu Walfer am groussen Zelt nieft dem Centre Prince Henri.

Scho fir déi 23. Kéier huet den RTL d'Leit dozou opgeruff, hir Sproochekenntnisser op d'Prouf ze stellen. Gewonnen hunn um Enn 2 Fraen, déi allebéid 36 Feeler haten an den 3 Sproochen, d'Marielle Molitor an d'Samira Hoffmann.

RTL NEWS: 24. Editioun vun de Walfer Bicherdeeg nees Erfolleg

RTL Dictée 2018 (18.11.2018)
Am Kader vun de Walfer Bicherdeeg war dëse Sonndeg déi 23. Editioun vun der grousser Dictée zu Walfer am groussen Zelt nieft dem Centre Prince Henri.


Gewënner am Lëtzebuergeschen
1. Marielle Molitor, 4 Feeler
2. Sara Martin, 5 Feeler
3. Marianne Bast, 7 Feeler

Gewënner am Däitschen
1. Patrick Büchler, 8 Feeler
2. Patricia Ney-Pavan, 11 Feeler
2. Marianne Bast, 11 Feeler

Gewënner am Franséischen
1. Virginie Guth, 3 Feeler
2. Joëlle Mounier, 5 Feeler
2. Armand Grün, 5 Feeler

Gewënner an den 3 Sproochen
1. Marielle Molitor, 36 Feeler
1. Samira Hoffmann, 36 Feeler
3. Manu Aruldoss, 37 Feeler

Gewënner am Engleschen
1.  Stéphanie Breuer, 0 Feeler
2. Marielle Molitor, 1 Feeler
3. Christine Nehrenhausen, 1 Feeler

Dir hutt matgeschriwwen a wëllt Är Feeler elo verbesseren? Hei sinn d'Texter vun deenen 3 Diktater:

Lëtzebuergescht Diktat

Wa méi wéi dräi e-en openeentreffen, kann an Zesummesetzunge mat eegestännege Wierder e Bindestréch gesat ginn, fir datt et besser ze liesen ass. Mir schreiwen also: E Stree-Eemer oder e Streeeemer.

Vill Leit maache kaum en Ënnerscheed tëscht der Aussprooch vu mécht a vu Mëscht.

Wann den i oder den u virum r laang geschwat ass, da kënnt en e derbäi an deen ie oder ue gëtt als Diphthong geschwat.

Bei uneneegeschriwwene Wierder gëtt d’Schreifweis vun den eenzelne Wierder respektéiert, och wann e Fouen-s dertëschtkënnt, wéi bei Schofspelz.

E Konsonant kann och dräimol/dräi Mol hannereneegeschriwwe ginn, denkt nëmmen un eng Sauerstofffläsch.

Et dierf een de Verbindungs-s net verwiessele mat engem s, deen Deel vum Wuert ass. Ech hätt gär, datt s de kënns. Ech hätt gär, dass de kënns.

Steet en Apostroph un éischter Plaz an engem Saz, gëllt den Apostroph als dat éischt Zeechen. Do hannendru gëtt klenggeschriwwen: ’t ass dach net komplizéiert.

Ginn d´Substantiven awer méi laang an oniwwersiichtlech oder sinn Akronymmen dran, schreift ee mat Bindestréch.

No dësem Diktat hunn déi eng e Burn-out-Syndrom, bei deenen aneren ass de pH-Wäert geféierlech an d’Luucht gaangen.

Jemp Schuster

RTL-Dictée op Lëtzebuergesch



Englesch "Dictation"
English seems easy but, strewn with homophones, it’s occasionally deceptive and quite mischievous: the Queen reigns and the sky rains; even a horse has reins.

This language, its different threads seamed together and kneaded like dough into one where misspelling is frequent, requires a thorough depth of knowledge.

Only the conscientious writer will be successful.

Now it’s time for my sandwich: Gloucester cheese and Worcester sauce.

RTL-Dictée op Englesch



Phlegmatische Rohheit
Kulturvererbung ist kein verpönter Lapsus oder Fauxpas, wie jede kohärent denkende Kulturkoryphäe weiß und dieses Pamphlet ist genauso wenig kulturlos wie ein Kolibri auf einer feinblättrigen Lärche. Es nölt auch kein Einziger, der Pleite gemacht hat und niemand stellt sich tot. Das ist kein Schwelbrand und hat nichts mit einer Malaise bei einem Segeltörn zu tun und im Übrigen auch nichts mit Unannehmlichkeiten wie Diarrhö, Hämorrhoiden (Hämorriden) oder Arthritis. Es ist zum Genießen wie ein unentgeltlicher Whisky oder eine frittierte Brezel mit Mayonnaise. Im Wesentlichen platziert sich kein Hof haltendes Flaggschiff des Ballett-Tanzes (Balletttanzes) neben irgendjemanden mit einer redundant hässlichen Physiognomie, ohne rotzusehen oder sein Visavis beim Schlafittchen zu packen. Hier lernt zum ersten Mal sogar der zartestbesaitete Jockey, welche Wörter zweckmäßig großgeschrieben und welche getrennt geschrieben werden. Das ist nicht zum Auf-und-davon-Laufen!

Roland Schumacher

RTL-Dictée op Däitsch



Franséisch Dictée

Dans un monde où le fric tend à devenir la seule valeur à l’aune de laquelle tout et chacun sont mesurés, la plupart des citoyens considèrent que le terme héritage  s’applique exclusivement aux biens matériels. Rien d’étonnant donc qu’il suscite des convoitises peu amènes  pouvant aller de la manigance voire de la malice à des agissements criminels, même si les transmissions dues à la descendance scellent la plupart des successions.

Dans notre société prétendument civilisée, on parle aussi d’un patrimoine immatériel en évoquant les valeurs humaines, les traditions, les chefs-d’œuvre artistiques et intellectuels, et c’est une lapalissade de nous appeler les conservateurs de ce legs. Cette constatation suscite deux sentiments: la gratitude d’être les dépositaires de ces trésors venus des fins fonds des âges et la fierté de jouer le rôle de courroie de transmission entre feu nos aïeuls et l’avenir.

Sommes-nous sûrs d’être conscients de la responsabilité qu’a comportée ce constat? Qu’en France on ait créé un jeu de loto pour collecter les fonds nécessaires à l’entretien des monuments en péril, permet d’en douter.

RTL-Dictée op Franséisch

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.