VIDEO: Chinesesch Schätz am NationalmuséeOriginne vun der chinesescher Zivilisatioun visualiséieren

Eng 150 Objeten, déi bis zu 3.000 Joer al sinn – sou eng Ausstellung iwwer chinesesch Archeologie gouf an der Groussregioun nach net.

Originne vun der chinesescher Zivilisatioun visualiséieren (05.12.2018)
Eng 150 Objeten, déi bis zu 3.000 Joer al sinn – sou eng Ausstellung iwwer chinesesch Archeologie gouf an der Groussregioun nach net.

Eng hallef Dose Muséeën aus der chinesescher Provënz Henan hu sech mam Nationalmusée zesummegedoen. D’Expo soll d'Originne vun der chinesescher Zivilisatioun visualiséieren.

Vun den éischten organiséierte Staate bis zum éischte chinesesche Keeserräich – d’Expo am Geschichtsmusée bezitt sech op d’Zäit vun 2.200 virun an 1.000 no Christus. Dobäi kann een eng ganz Panoplie un archeologesche Schätz entdecken: vu Pärelen, iwwer Déierefigure bis zu rituelle Gefässer aus Bronze, Jade a Keramik.

Besonnesch gutt erhalen, sinn d’Objeten, well se an ale Griewer entdeckt goufen. Erstaunlech si virun allem d’Faarwe vun eenzelen Exponaten. 

E besonnesche Fokus verdéngt e Kostüm aus Jade. Ma och d’Figur vun engem mytheschen Déier, déi als Fouss vun engem Instrument gedéngt huet, ass en Highlight vun der Expo.

Bis den 28. Abrëll kann en di archeologesch Schätz an de Geschichtsmusée um Fëschmaart kucke goen.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.