Am Alter vu 77 JoerDoud vum Realisateur Bernardo Bertolucci
Am Alter vu 77 Joer ass de weltbekannten italienesche Filmregisseur Bernardo Bertolucci gestuerwen.
Vun RTL
De Bertolucci gouf mat Filmer ewéi Dernier Tango à Paris aus dem Joer 1972 weltbekannt. Realiséiert huet en och ë.a. den Dernier Empereur am Joer 1987 a Little Buddha 1993.
Tëschent 1962 an 2012 huet hien am Ganze 16 Long-métragen inzenéiert.
De Bernardo Bertolucci krut ënner anerem 2 Oscaren an 2 Golden Globes. Hie krut och Éierepräisser bei de Filmfestivaller vu Venedeg a Cannes.
Loggt Iech w.e.g. an, fir dësen Artikel ze kommentéieren. Reservéiert Iech esou Ären "Nickname"! (Är Bäiträg ginn ënnert Ärem "Nickname" an ouni E-Mail-Adress verëffentlecht. Natierlech kënnt Dir Är Bäiträg och mat vollem Numm signéieren, dofir einfach déi betreffend Case bei Äre Login-Donnéeën ukräizen.)
Dir hutt de falsche Login an/oder Passwuert aginn.
D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.! Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.
Är Commentairen - Netikett
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.