Am Alter vu 57 JoerDe Papp vun "SpongeBob Schwamp-Kapp" ass dout

De Stephen Hillenburg ass e Méindeg un de Suitte vun der Nervekrankheet ALS gestuerwen.

Am Mäerz 2007 war beim Stephen Hillenburg "Amyotroph Lateralskleros" diagnostizéiert ginn.

© Jordan Jensen


Hie stécht hannert der Comicfigur "SpongeBob Schwammkopf" ("Spongebob SquarePants"), déi weltbekannt ass. Och zu Lëtzebuerg ass déi giel Schwamp-Figur vum Createur Hillenburg ganz ville Leit e Begrëff.



D'Comicserie ass hei ënnert anerem op Nickelodeon gelaf. Och e sëlleche Merchandising-Artikele gëtt et mat Figuren aus dem SpongeBob senger Ënnerwaasserwelt - vum Patrick, Thaddäus, Sandy a Mister Krabs an natierlech och vum Plankton.








Op Twitter: Trauer op ganz ville Plaze vun der Welt
Well de Spongebob quasi op der ganzer Welt bekannt war, gouf dann och op ville Plaze mat Trauer op den Doud vu sengem Papp reagéiert, wéi een op Twitter gesi kann.
















Besonnesch bekannt ginn ass jo och d'Intromusek vun all Spongebob-Folleg. Hei den Text op Däitsch:

Alles klar, Kinder?
Geht das nicht lauter?
Ooooooooooh
Wer wohnt in 'ner Ananas ganz tief im Meer?
Saugstark und gelb und porös und zwar sehr?
Wenn der Sinn nach pazifischem Blödsinn euch steht
Dann schwingt euch an Deck und kommt ja nicht zu spät!
Und jetzt alle!
SpongeBob Schwammkopf, SpongeBob Schwammkopf, SpongeBob Schwammkopf!
SpongeBooob Schwammkooopf




Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.