FOTOEN: Deutsche Akademie für FernsehenDésirée Nosbusch mam Präis fir déi beschten Nieweroll ausgezeechent

Beim "Preis der Deutschen Akademie für Fernsehen" war déi Lëtzebuerger Co-Produktioun Bad Banks an 8 Kategorien nominéiert an huet der dovu 6 gewonnen.

Vu Bambi bis Lëtzebuerger Filmpräis – d'Serie Bad Banks sammelt Nominéierungen a Präisser. Zu Berlin goufen et beim onofhängege Branchëpräis vun der Deutsche Akademie für Fernsehen e Freideg den Owend 8 Nominatiounen. Ganzer 6 Mol ass déi dätsch-lëtzebuergesch Co-Produktioun um Enn ausgezeechent ginn, dorënner och mam Präis fir déi bescht weiblech Nieweroll – an dee goung un d’Desirée Nosbusch, déi 6 Méint virum Casting hir Schauspill-Karriär wollt un den Nol hänken.

Deutsche Akademie für Fernsehen: Désirée Nosbusch geéiert (03.12.2018)
Beim "Preis der Deutschen Akademie für Fernsehen" war déi Lëtzebuerger Co-Produktioun Bad Banks an 8 Kategorien nominéiert an huet der dovu 6 gewonnen.

Fir d’éischte Kéier an hirer Carrière gouf si fir hier schauspilleresch Leeschtung geéiert an dat an der Roll als intrigant Banke-Cheffin Christelle Leblanc an der spannender Mini-Serie ronderëm Investmentbanker. Nominéiert waren an deier Kategorie och d’Heike Makatsch (Fremde Töchter) an Karoline Eichhorn (Dark).

D'Desirée Nosbush gouf geéiert (01.12.2018)
Beim "Preis der Deutschen Akademie für Fernsehen" war déi Lëtzebuerger Co-Produktioun Bad Banks an 8 Kategorien nominéiert an huet der dovu 6 gewonnen.

De Marc Limpach war donieft och fir déi bescht männlech Nieweroll nominéiert, dee Präis goung awer un den Albrecht Schuch, deen och a Bad Banks matgespillt huet. Eng knapp Entscheedung, goufen et an dëser Kategorie och nëmmen 3 Nominéierungen. Ma schonn eleng et ënnert di 3 éischt gepackt ze hunn ass fir de Schauspiller eng grouss Éier.

Donieft huet Bad Banks och nach an de Kategorië Produktioun, Casting a Redaktioun/Produktioun gewonnen, an net ze vergiesse krut de Barry Atsma och de Präis fir di bescht männlech Haaptroll. Ugangs nächst Joer gëtt di 2 Staffel Bad Banks gedréit!

De Schauspiller Michael Brandner vun der Akademie iwwert Succès vu Bad Banks bei der Editioun 2018.

De Schauspiller Michael Brandner (01.12.2018)
De Schauspiller Michael Brandner vun der Akademie iwwert de Succès vu Bad Banks bei der Editioun 2018.


E Méindeg weisen mir iech am Magazin um 19 Auer de Reportage vun der Soirée am Babylon zu Berlin.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.