ARD/SWR3D'Stefanie Tücking ass onerwaart gestuerwen

D'Moderatrice ass virun allem an den 80er Joren mat der Emissioun "Formel Eins" bekannt ginn.

D'Stefanie Tücking ass ganz onerwaart am Alter vu nëmme 56 Joer gestuerwen, dat zu Baden-Baden an der Nuecht op e Samschdeg, dat deelt den SWR mat.



Iwwert d'Doudesursaach ass bis ewell nach näischt gewosst. 30 Joer laang huet d'Tücking beim SWR geschafft, d'Aarbechtskollege vun der Fernseh- a Radio-Moderatrice wiere schockéiert.

D'Stefanie Tücking war virun allem als Museksexpertin bekannt an huet grouss Festivallen, wéi de Rock am Ring, moderéiert.

Mat 24 Joer huet si d'Gëlle Kamera fir hir Emissioun "Formel 1" kritt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.