Esch zitt sech vum Kaf zeréckD'Zukunft vum Escher Kino Ariston ongewëss

Zanter bal 3 Joer ginn keng Filmer méi am Escher Kino Ariston gewisen an d'Zukunft vun deem Gebai op der Escher Grenz ass effektiv ongewëss.

© RTL Archivbild
Wéi de Buergermeeschter Georges Mischo e Méindeg de Moien zum Optakt vun de Budgetsdebatten sot, wier d'Stad Esch net méi drun interesséiert, fir d'Gebailechkeeten ze kafen.

U sech sollt de Proprietär vun de Gebailechkeeten d'Oeuvres Paroissiales un d'Gemeng verkafen - sou war dat och ewell vun der viregter Koalitioun zu Esch entaméiert ginn, nodeem 2015 den Operateur Caramba den Ariston opginn hat.

Aus der Vente tëscht den Oeuvres Paroissiales an der Stad Esch gëtt wéi gesot näischt. Wat elo mam fréiere Kino Ariston geschitt steet an de Stären. Et schéngt drop eraus ze lafen, datt d'Gebai ofgerappt gëtt, fir engem neien Wunnprojet Plaz ze maachen. Eng lescht Zomm, déi am Gespréich war, fir d'Gebai ze verkafen, sollen eng ronn 3,5 Mio Euro gewiescht sinn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.