Zu Téiteng an der SchungfabrikRendez-vous mat Äisbieren

Virtrag vun der Lëtzebuerger Fotografin Eilo Elvinger en Dënschdeg, 11. Dezember um 19.30 Auer.

D'Lëtzebuerger Fotografin Eilo Elvinger huet zu London bei de Wildlife Photography Awards 2017 vum Natural History Museum an enger Kategorie gewonnen.

Fotografen aus 92 Länner hunn am Ganzen 50.000 Fotoen erageschéckt. D'Eilo Elvinger huet an der Kategorie "Schwaarz-Wäiss" gewonn, fir hir No-Opnam vun Äisbieren.

Déi Foto, mä nach ganz vill anerer vun hire Biller vu Gletscheren, Äis, Déieren an der fantastescher Luucht an der Arktis weist d'Fotografin an engem Reesvirtrag op Lëtzebuergesch den Dënschdeg, den 11. Dezember vun 19.30 Auer un zu Téiteng am Kulturzentrum "Schungfabrik" op Nummer 12-14 an der Rue Pierre Schiltz.

Hir zwou Reesen op Svalbard, wat mir och als Spitzbergen kennen, huet d'Lëtzebuergerin ënnerholl, fir ze dokumentéieren, wéi de Klimachangement an der Natur seng Spuren hannerléisst an datt et och fir den Äisbier ëmmer méi schwéier gëtt, fir do ze iwwerliewen.

Méi Detailer op www.eilopict.com.