VIDEO: FilmHistoire(s) de femme(s) vum Anne Schroeder

1919 kruten d'Fraen zu Lëtzebuerg d'Walrecht.

Histoire(s) de femme(s) vum Anne Schroeder (03.12.2018)
1919 kruten d'Fraen zu Lëtzebuerg d'Walrecht.

Datt et e Joerhonnert méi spéit nach keng Paritéit gëtt, dat beweisen jo op politeschem Plang déi rezent Chamberwalen. An dat obwuel an deene leschte 50 Joer vill diskutéiert ginn ass, Frae sech gewiert a fir hir Rechter gekämpft hunn. „Histoire(s) de femme(s)“ heescht e Film vun Anne Schroeder, deen e Mëttwoch an eise Kinoen uleeft an deen dëst Thema opgräift.

D'Realisatrice huet dobäi e ganz perséinleche Choix gemaach, fir duerzestellen, wéi d'Liewe vun de Fraen zu Lëtzebuerg ausgesinn huet.

Si léisst vill verschidde Fraen zu Wuert kommen, ouni hiren Numm direkt ze verroden, iwwer d'Theme wéi Schoul, sexuell Opklärung, Bestiednes, Kanner, dat deeglecht Iwwerliewen, awer och iwwer den Engagement fir d'Rechter vun der Fra.

Illustréiert ass „Histoire(s) de femmes(s)“ mat enger ganzer Rei vu privaten Amateur-Filmer, déi am CNA versuergt ginn an déi op hir authentesch Manéier, d'Liewen zu Lëtzebuerg erëmspigelen.

De Film schléit awer och e Bou vun den 1970er Joren bis haut ronderëm d'Evolutioun vun de Rechter vun de Fraen

Och haut ginn d'Fraen nees weltwäit op d'Strooss, demonstréieren fir hir Situatioun, stelle Froen, a genee esou wëll „Histoire(s) de femmes(s)“ et och dokumentéieren.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.