Ukulele OleUkuata-K CD-Release

Ukulele zu Lëtzebuerg? Jo gëtt et; a vum 5. Dezember un och mat engem Album.

Um Virowend vun Niklosdag presentéiert Ukuata-K hiren éischten Album, dat ass déi éischt Ukulele-Band aus dem Grand-Duché.

2012 huet de verstuerwene Paul Lebrun de Projet an d'Liewe geruff; haut ass Ukuata-K vun dëse Memberen zesummegesat: Ady Zeimet, Jacques Ruppert, Roll Weilan, Jacques Bock a Simone Lebrun.

Mat hire sëlleche Concerten déi se am Laf vun de leschte Joer gespillt hunn, beweisen Ukuata-K datt praktesch all Musek op der Ukulele gespillt ka ginn. Opgeholl gouf den Debutalbum vum Ady Zeimet (de Mann kennt een och duerch Tribute To The Beatles) a vum Eric Maas, de Mix an de Mastering gouf vum Charles Stoltz assuréiert.


Ukulele a méi elo de 5. Dezember an der Rockhal.