Thank You, NextAriana Grande pulveriséiert BTS-Rekord

Einfach mol sou d'Taylor Swift, BTS an den Eminem an de Schiet gestallt; den neie Superstar op Youtube heescht Ariana Grande.

Mam neie Video fir d'Single Thank You, Next gëtt den aktuelle Rekord vun der K-Pop-Supergroup BTS geknackt, deenen hire Video Idol gouf an den éischte 24 Stonne knapp 46 Milliounen mol gekuckt.
D'Ariana Grande kann nach een drop leeën a packt et op iwwer 50 Millioune Views an den éischte 24 Stonnen. E weidere Rekord ass bei der Première vum neie Video opgestallt ginn, 829.000 Mënschen hunn Thank You, Next simultan gekuckt. Dat war sou vill Traffik op Youtube datt ee wärend enger Zäit mol net méi kommentéiere konnt.

Den neie Video vum Ariana ass en Hommage un eng Rëtsch Filmer aus de fréien 2000er wéi Bring It On a Legally Blonde. Nieft der Sängerin si bei Thank You, Next dann och eng Rëtsch vun de Schauspiller aus deene Filmer an ënner anerem d'Kris Jenner ze gesinn an déi den enorme Succès vum Ariana an de sozialen Netzwierker feieren.


An Tëschenzäit ass de Video Thank You, Next bei iwwer 100 Millioune Views.