ELO MAT VIDEO - Ausstellung am BiodiversumMadamm vum Baggerweier oder Prinzessin vu Schengen?

Am Haff Réimech kann een d'Bijouen an dat rekonstruéiert Graf, déi virun 23 Joer fonnt goufen, entdecken. Vläicht si se vun enger keltescher Herrscherin.

Et huet e puer Joer gedauert, mä elo gëtt emol e bëssen eppes dervun ausgestallt – vun deene Saachen, déi se virun 23 Joer bei de Baggerweieren tëschent Schengen a Rëmerschen fonnt hunn. Am Biodiversum am Haff Réimech hunn d'Archeologe sech op eng räich Fra konzentréiert.

Expo: D'Madamm vum Baggerweier - Rep. Nico Graf



Nenne mer se d'Madamm vum Baggerweier. Dat ass onhistoresch, well virun 2.500 Joer gouf et nach keng Baggerweieren tëschent Rëmerschen a Schengen, mä d'Archeologen, déi kënne sech net richteg decidéieren, wéi se ze nennen ass, d'Fra aus dem Graf Nr. 17, Princesse de Schengen oder Die Dame vun Schengen. Egal. Si ass am Graf Nr.17 fonnt ginn, eent vu 50 Griewer, déi d'Archeologen an de Joren no 1995 ënnersicht hunn. Et war eng Nekropol, e Kierfecht aus der Keltenzäit. A vun der Madamm hirem Kierper si just zwee Zänn fonnt ginn, de sauere Buedem huet de Rescht vum Kierper opgeléist. A wat awer nach fonnt ginn ass, dat sinn d'Bijouen, a wat fir Bijouen: bronzen Aarmreefer, eng Dosen, dann zwee keltesch Collieren, Torques genannt, eng ziseléiert dräieckeg Plack an iwwerdimensional fei verschaffte Reefer, déi d'Fra lénks a riets um Kapp gedroen huet, Schläfenringe.

Konklusioun vum Foni Le Brun-Ricalens, dee virun 20 Joer fir dës Ausgruewung responsabel war: Si war eng räich, mächteg Fra. Mat enger bedeitender Plaz an der Gesellschaft an där d'Fraen hir Plaz haten - an déi besonnesch Plaz sollt dann och nach nom Doud zum Ausdrock kommen.

"D'Prinzessin vu Schengen" am Biodiversum (05.12.2018)
Am Haff Réimech kann een d'Bijouen an dat rekonstruéiert Graf, déi virun 23 Joer fonnt goufen, entdecken. Vläicht si se vun enger keltescher Herrscherin.


Et sinn also d'Bijouen an dat rekonstruéiert Graf - vläicht - vun enger keltescher Herrscherin, déi am Biodiversum zu Rëmerschen ausgestallt sinn.

Et misst een dovun ausgoen, datt d'Fra an der Gesellschaft vun deemools eng besonnesch Stellung an der Gesellschaft hat, seet d'Rosemarie Cordie, Archeologin vun Tréier, déi matorganiséiert huet an déi an hirem Musée Belginum am Hunsrück deemnächst d'Madamm och ausstellt.

Mä net genuch mam Räichtum am Graf: Zu de Féiss vun der Fra stoung nach eng Urn mat de Brandreschter - vun engem Mann. "Birituelles Grab" nennen d'Spezialisten dat. An et wéisst een ze gär, wéi d'Relatioun vu Mann a Fra genee war, déi do matenee begruewe gi sinn, déi eng kierperlech, deen anere ageäschert.

An et wéisst ee gär, wou da wuel d'Duerf oder d'Festung war, wou d'Leit deemools gewunnt hunn: Et huet een awer just Haiser fonnt, fir Liewensmëttel ze stockéieren.

A wann d'Madamm dann eng wichteg, eng Prinzessin war, wou war hiren Herrschaftsterritoire? Wuel an där Regioun an et dierft och e puer Quadratkilometer grouss gewiescht sinn, well den Ensembel vu Bijoue wier scho ganz aussergewéinlech - Deeler kéime vum Mëttelrhäin a vum Hünsrück an et wieren eege Saachen drënner.

Dës archeologesch Ausstellung am fantastesche Biodiversum-Gebai ass eng kleng, eng fein, mat gudde Presentatiounsiddien. A Schengen war schonn virun 2.500 Joer vläicht weltberühmt – an der Groussregioun.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.