Lecture vun heiheemD'Laureate vum Literaturconcours 2018

En Dënschdeg den Owend war am Mierscher Literaturarchiv d'Präisiwwerreechung vum Nationale Literaturconcours, bei dem et dës Kéier ëm Theater goung.

v.l.n.r: Guy Arendt, James Leader (Papp vum Anna Leader), Romain Butti, Charles Meder, Christiane Bechtold (fir de Samuel Hamen), Simone Beck © RTL/Bea Kneip
43 Manuskripter waren erakomm, 4 Laureate goufen zeréckbehalen.

D'Bea Kneip war zu Miersch an huet sech mat de Gewënner ënnerhalen.

05/12/2018 Literaturconcours 2018
.



Et war wuel kaum eng Iwwerraschung, dass sech an der Kategorie vun de jonken Auteuren och dës Joer nees d'Anna Leader duerchsetze konnt. No 2014 an 2015 ass et schonn déi drëtte Kéier, dass déi talentéiert jonk Fra, déi zu Washington D.C. lieft a schafft, de Literaturconcours gewonnen huet, dës Kéier mam Theaterstéck "Outlast".

Bei den erwuessenen Auteuren huet de Samuel Hamen sech déi drëtt Plaz geséchert, fir säi Stéck "Tagebuch der Fremdalterns".

Och déi zweet Plaz ass keng Iwwerraschung. De Charles Meder krut 2016 den 100komma7-Radiopräis fir säin Hörspill "CyberTrappEd", 2017 dann de de Lëtzebuerger Buchpräis fir seng Novell "Aname". Elo also konnt hien mat engem Theaterstéck iwwerzeegen, mam Titel "Geheimdienstkönige".

Grousse Gewënner vum Owend war de Romain Butti. En Numm, dee bis dato déi mannsten dierfte kannt hunn. Säin Theaterstéck "Fir wann ech net méi kann", huet en op Lëtzebuergesch geschriwwen.

De Literaturconcours ass also ëmmer nees fir eng Iwwerraschung gutt, a bitt jonken Auteuren eng Plattform fir hir Texter no baussen ze droen. An et däerf een sech drop freeën fir déi Theaterstécker déi dëst Joer ausgezeechent goufen, hoffentlech geschwënn op der Bühn ze gesinn.

De Literaturconcours 2019 wäert iwwregens am Zeeche vum Roman stoen. Ugeholl gi Manuskripter op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch oder Englesch.

De Romain Butti© RTL/Bea Kneip
Table Ronde mat de Laureaten Charles Meder a Romain Butti, an der Carole Lorang, Member vum Jury © RTL/Bea Kneip


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.