Bye Bye 2018The Grund Club Songwriters

De Grund Club, e Kollektiv vu Lëtzebuerger Museker, Sänger a Songwriter, seet mat enger Sacem Session (11/12/2018) dem Joer 2018 an der Rockhal Äddi..

An dësen nach jonke Kollektiv (2015 gegrënnt) huet eng helle Wull prominent, deels och nach net sou bekannt, Museker a seng Reien. Do liest een Nimm wéi Remo Cavallini, Daniel Balthasar, Jeff Herr, Sascha Ley, Laetita Koener (Go By Brooks), Kid Colling, Lata Gouveia, Fred Barreto and many, many, many more.

Firwat eigentlech e Grund Club? Et geet drëms e Katalog vu Lidder op d'Been ze stellen, vu Lëtzebuerger fir Lëtzebuerger. Mat deem Objektiv wëllt de Grund Club bis 2025, da géing et de Grund Club 10 Joer ginn, eng Kollektioun vun 200 bis 300 Lidder zesummegestallt hunn.