De Kleeschen huet de BluesE Freide rockt et zu Koplescht

Wann de Kleesche seng Ronne gemaach huet, an en hätt nach e bëssen Zäit, kéint een dem Hellege Mann dëst Evenement un d'Häerz leeën.

D'Kulturasbl vun der Gemeng Koplescht invitéiert e Freiden (07/12/2018) op e Mini-Festival an de Centre Wirtspesch zu Koplescht.



Fir datt de Kleeschen op richteg de Blues kritt suergen vun 20:30 u Thunder Road, Crossroads & Irina, Fred Barreto Group a Little Blues Band. D'Diere ginn um 20:00 op an den Entrée kascht 10 Euro.