Am Koalitiounsaccord "Kultur muss fir jiddereen zougänglech sinn"

Mat Hëllef vum Kulturentwécklungsplang soll d'Kulturpolitik an den nächste 5 Joer developpéiert ginn an de Secteur soll gestäerkt ginn.

Dat andeems adequat budgetär Moyene virgesi sinn.

De Kulturentwécklungsplang war an de Walprogrammer vun der DP, LSAP an déi Gréng en Thema, vun dohier ass et och net verwonnerlech, datt de sougenannten KEP analyséiert a reegelméisseg adaptéiert soll ginn. Aus dem Accord geet och ervir, datt Assise mam Secteur sollen organiséiert ginn.

Fir de Kënschtler a Kulturinstitutiounen ënnert d'Äerm ze gräifen, soll et an Zukunft en Guichet unique ginn, fir ënnert anerem Berodung an administrativ Hëllef.

Da soll eng Etüd gemaach ginn fir ze kucken a wéi wäit de Steiersystem fir d'Kënschtler a kulturell Entreprisen optimiséiert ka ginn. D'Zil ass ënnert anerem e méi niddregen TVAs-Taux.

Wéi och vun deene Gréngen an hirem Walprogramm gefuerdert, soll de Congé culturel iwwerduecht ginn - am Koalitiounsaccord geet ervir, datt en erëm agefouert soll ginn, allerdéngs ënnert neien Konditiounen.

E Schwéierpunkt gëtt och op de Stellewäert vun der Kultur an der Schoul geluecht - dofir sollen de Kultur- an den Educatiounsministère och méi enk zesummeschaffen an awer och verstäerkt mat de regionalen Kulturzenteren Moyenen fannen, fir déi Jonk fir d'Kultur ze sensibiliséieren. Déi Gréng haten dës Kooperatioun och schonn an hirem Walprogramm gefuerdert - bleift elo ofzewaarden, a wéi wäit déi nei Kulturministesch Sam Tanson dëst wäert ëmsetzen.

Déi gratis Musekscourse waren eng Fuerderung vun der DP - d'Gesetz iwwert de Museksunterrecht soll iwwerschafft ginn an all Schüler soll an Zukunft Accès op gratis Musekscoursen kréien.

Nodeems an der leschter Legislaturperiod d'Archivgesetz ugeholl gouf, wäert de Projet vun engem neie Gebai fir déi national Archive finaliséiert ginn. Duerch Ausstellungen a Publikatiounen soll déi Aarbecht och weider valoriséiert ginn.

De Projet vun der Nationalgalerie, dee jo net iwwerall bei jidderengem op Begeeschterung gestouss ass, wäert realiséiert ginn. Parallel dozou soll en Centre de Documentatioun an e Lexikon vun de Lëtzebuerger Kënschtler kreéiert ginn.

Wat d'Villa Louvigny ugeet, soll dëse vu Kënschtler genotzt kënne ginn, fir Kreatiounen an Expositiounen. De Concertssall soll opgewäert gi fir Virstellungen.

Um Donneschdeg an der Mëttesstonn ass dann d'Passation des pouvoirs am Kulturministère, wou d'Sam Tanson d'Successioun vum Xavier Bettel iwwerhëlt.

 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.