No ART on AIR am REPLAYD'Actrice Gintarė Parulytė

"No ART on AIR" - ëmmer donneschdes no 20 Auer e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat intressanten Invitéën.

„No Art On Air“ (06.12.2018)
De labberen Talk iwwer kulturell Themen. All Donneschden e spannenden Invité, flott Chroniken, en aktuelle Coup de coeur oder e kulturpolitesche Sujet.

D'Gintarė Parulytė huet vill Passiounen: Schauspillerei, Schrëftstellerei, Musek an och Kachen. Wéi si dat alles ënnert een Hutt kritt, wat si inspiréiert a wisou si gären d'Leit un d'Kräische kritt, erzielt si haut bei No Art.

D'Annick Goerens war sech op Klierf d'Ausstellung "Cité de l'image" ukucken an d'Claudia Kollwelter stellt den neien Album vun "Mumford and Sons" vir.



De labbere Kulturtalk "No Art on Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad elo ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.