VIDEO: Audit a weider PersonalfroenFilm Fong deet erëm vu sech schwätzen

Grad wann et ëm d'Verdeele vun de Sue geet, ginn et vill Diskussiounen am Secteur. Zënter 2014 sinn 127 Milliounen an d'Filmindustrie gefloss.

Audit a weider Personalfroen (07.12.2018)
Grad wann et ëm d'Verdeele vun de Sue geet, ginn et vill Diskussiounen am Secteur. Zënter 2014 sinn 127 Milliounen an d'Filmindustrie gefloss.
Et gëtt erëm e neien Episode ronderëm d'Aarbecht vum Film Fong. Nodeems an der Ëffentlechkeet vill Froen opkomm sinn, wéi gerecht a novollzéibar d'Bäihëllefen fir d'Filmindustrie verdeelt ginn, wonnert ee sech elo iwwert Personalien am Selektiounscomité, deen dës Suen zougesteet.

Film Fong / Reportage Bérengère Beffort



Ufank Oktober hat de Jean-Louis Scheffen, President vum Selektiounscomité, ugekënnegt, säi Posten ofzeginn. En däitsche Produzent, de Philipp Kreuzer, sollt déi fräi Plaz an der klenger Ekipp vu 5 Leit besetzen.

Bei der Presentatioun vum Joresbericht 2017 war de Philipp Kreuzer grouss ukënnegt ginn, grad fir eng weider Seriositéit bei der Verdeelung vun de Bäihëllefen z'ënnersträichen. Mä den neie Mann ass ni opgekräizt. 14 Deeg virun der Sëtzung vum Comité huet hien erëm demissionéiert.

Dozou eng Reaktioun vum Direkter vum Film Fong Guy Daleiden: „Ech mengen, de Philipp Kreuzer war e bëssi iwwerrascht gi vun der Envergure vun der Aarbecht, déi hien huet misste maachen. Hien huet gemierkt, datt hien awer net esou disponibel wier an datt et besser wier, ze demissionéieren. Ech respektéieren dat.

Esou setzt de Jean-Louis Scheffen mol zum Iwwergang, bis dat een en Neie fënnt, erëm am Comité, awer net méi als President. Dee Posten huet elo den Zeenarist a Kinokritiker Boyd van Hoeij. Déi dach burlesque wierkend Situatioun hätt awer näischt domadder ze dinn, dat et ronderëm de Film Fong momentan héich hier geet, verséchert de Guy Daleiden.

Op kee Fall, au contraire. De Film Fong huet international eng gutt Positioun, mir ginn iwwerall respektéiert am Ausland. Ech mengen et war éischter fir de Philipp eng Éier fir eis matzeschaffen. Mä et ass effektiv vill ze liesen. Et sinn eng 200 bis 250 Säite pro Projet, déi musse studéiert an analyséiert ginn an dat hëlt Zäit.

Vill Aarbecht effektiv, wann ee gesäit, datt an der leschter Sessioun 37 Projete beim Film Fong agereecht goufen. Mä dat et där esou vill beienaner sinn, ass och en hausgemaachte Problem. Well Ufank 2018 waren d'Sue schonns quasi all verginn. An elo geet am Secteur d'Angscht ëm, datt ee sech muss begannen, fir am neie Joer vum neie Budget profitéieren ze kënnen.

Am jéngsten Audit, deen RTL virleet, gëtt et dëse Verglach: D'Bäihëllefe vum Film Fong si wéi en appetitleche Kuch, dee vill Leit unzitt. Well et ëmmer méi Firmae ginn, an och den Animatiounssekteur matfinanzéiert gëtt, kommen Eenzeler manner gutt ewech, wéi anerer. An dofir ass et grad wichteg, datt et kloer Kritären iwwert Qualitéit a Professionalismus ginn, a déi och fir jiddereen novollzéibar sinn. Dat ass eben de groussen Defi, deen déi nei Regierung sécherstelle muss, well et geet ëm vill Suen. Zënter 2014 sinn 127 Milliounen an d'Filmindustrie gefloss.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.