CD-TippEric Clapton - Happy Xmas

Hie kann op eng Carrière vu bal 60 Joer zeréckkucken. Mä et gëtt eppes, wat hie bis elo nach net gemaach: Chrëschtdag-Musek.

An do ass vun allem dobäi, vun typeschem Chrëschtdagskitsch bis bei manner bekannt Pärelen, mat engem gudde Schotz Blues. Just bei verschiddene Lidder trëfft hien net onbedéngt den Nerv vun deem, wat ee sech bei Musek fir Chrëschtdag erwaart, virun. Am Grousse Ganzen ass "Happy Xmas" awer eng flott Alternativ fir d'Mainstream Chrëschtdagsgedudels. A mat 14 Lidder (16 op der Deluxe Version) huet ee genuch Choix fir sech seng perséinlech Favoritten eraus ze sichen.
Den Ausléiser fir dësen Album waren d'Iwwerleeungen, wéi de Clapton de Klassiker aus deem Repertoire méi eng blueseg Nout kéint ginn, ouni se awer komplett ze veränneren. Am Lidd "Have Yourself A Merry Little Christmas" weist hien déi Approche am Beschten, hie gesäit dat Lidd och als Grondsteen vun deem neien Album. De Grondsteen deen awer an der Tracklist ganz un de Schluss gesat ginn ass. Als Opener kënnt "White Christmas" zum Zuch, wat ganz anescht kléngt ewéi een dat kennt, mä grad dowéinst säin Effekt huet schonn direkt vun Ufank u kloer mécht, datt et keen esou een typesche Chrëschtalbum gëtt.
"For Love On Christmas Day" ass dat eenzegt Lidd um Album, dat de Clapton och selwer geschriwwen huet. An u sech dat poppegst Stéck, awer ëmmer nach stëmmeg an dat Ganzt integréiert. Alles wier u sech gutt, wann do net "Jingle Bells" wier. Dat huet näischt mat der Musek vum Clapton ze dinn, passt net an d'Stëmmung vum Album an et erkennt een d'Lidd och bal net erëm. Et sollt een Hommage un den Avici ginn, deen den Eric Clapton fir seng Aarbecht bewonnert huet. Mä hei erkennt een, datt de Clapton, egal wéi gutt hien ass, déi Musek net versteet, an dat Experiment besser si gelooss hätt.
Dovun ofgesinn ass et ee flotten Album, dee schonn op Chrëschtdag astëmmt, mat genee deem richtege Mix aus bekannten a manner bekannte Stécker.