VIDEO - E Kannerdokter wéi am BillerbuchGrouss Iwwerraschung fir den Dokter Conter op de Bicherdeeg zu Péiteng

No 44 Joer ass den Dokter Camille Conter, e Pediater, deen also direkt e puer Generatiounen u Kanner als Patienten hat, dëse Summer a Pensioun gaangen.

Mammen a Pappen, déi scho selwer bei him als Kand waren a bis zu Lescht och mat hiren eegene Kënnercher bei hien a Consultatioun koumen, waren engem Facebook-Opruff nokoum an hunn iwwer déi lescht Méint Fotoen, Bréiwer a Kannerzeechnungen un d'Simone Bleser geschéckt.

Dr. Camille Conter: E Kannerdokter wéi am Billerbuch (10.12.2018)
No 44 Joer ass den Dokter Camille Conter, e Pediater, deen also direkt e puer Generatiounen u Kanner als Patienten hat, dëse Summer a Pensioun gaangen.


Si, och eng fréier Patientin, hat sech dat Ganzt ausgeduecht an déi vill Remerciementen, awer och mol emotional Erënnerungen zu engem Buch banne gelooss.

Erauskomm ass eng schéin Aktioun, fir dee Mann ze éieren, deen iwwer Joerzéngte ganz vill Kanner am Raum Péiteng erëm gesond gemaach huet - a quasi ronderëm d'Auer fir seng kleng Prinzessinnen a Tarzanen do war. Den Dokter Conter ass eréischt a Pensioun gaangen, wéi e wousst, datt en e gudden Nofolger fir seng kleng Patienten hätt.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.