"Märd alors"E satiresche Réckbléck vum Jules Arpetti a Jhemp Hoscheit

Eng bësseg Chronik: 2018 ënner d'satiresch Lupp geholl mam Jules Arpetti a Jhemp Hoscheit.

Wéi scho mam 'Sorry fir deen Duercherneen'' – e satiresche Réckbléck op d'Joer 2016 –, mat deem de Jules Arpetti an de Jhemp Hoscheit 2017 mat groussem Erfolleg op Tournée waren, trieden déi zwee Artisten nees 2019 uechter d'Land op: mam neie satiresche Réckbléck op d'Joer 2018, ënnert dem Titel: 'Märd alors!!!'.

Et ass eng ofwiesslungsräich kabarettistesch Liesung iwwert dat, wat 2018 geschitt ass. Dat vergaangent Joer gëtt ënner d'satiresch Lupp geholl.

Den Auteur Jhemp Hoscheit huet eng bësseg Chronik geschriwwen, an där déi national an international Aktualitéit mat vill Humor an Ironie, kritesch a wuertwitzeg ënner d'Lupp geholl gëtt. Hien trëtt am Wiesselspill an am Dialog mam Museker a Gittarist Jules Arpetti op, deen net nëmme kabarettisteschen Textinterpret ass, mä och mat Politsongs fir déi zousätzlech musikalesch Pointe suergt.

Kalenner

15.1.2019 Miersch: Centre National de Littérature PREMIERE
2, rue E. Servais L-7565 Mersch

19.1.2019 Péiteng: Um Späicher -Konschtmillen WAX
2, rue d'Athus L-4710 Pétange
www.konschtmillen.lu / Reservatioun: 621 688 872
Organisatioun: Konscht-Millen asbl.

23.1.2019 Déifferdeng: Centre Culturel Régional Aalt Stadhaus
38, avenue Charlotte L-4530 Differdange
www.luxembourg-ticket.lu + Stadhaus: info@stadhaus.lu / www.stadhaus.lu

30.1.2019 Beetebuerg: Am Schlass
13, rue du Château L-3217 Bettembourg
www.bettembourg.lu / Organisateur: AC Bettembourg

31.1.2019 Escher Kulturfabrik
116, rue de Luxembourg L-4221 Esch-Alzette
Res.: 55 44 93-1 / inscriptions@kulturfabrik.lu

1.2.2019 Kielen: Café Moonlight
4, rue de Kopstal , Kehlen
Organisatioun: Op Schéimerech

9.2.2019 Éiter: Kulturzenter Am Medenpoull
L–5355 Oetrange
Reservatioun: umellen@contern.lu
Org.: Gemeng Contern an Zesummenaarbecht mat der Kultur-an Tourismuscommissioun

12.2.2019 Suessem: Artikuss
3, rue Jean Anen L-4413 Soleuvre
www.artikuss.lu

14.2.2019 Diddeleng: C.C.R. Op der Schmelz
1a, rue du Centenaire L-3475 Dudelange
Org+Res.: www.opderschmelz.lu
        
28.2.2019 Téiteng: Schungfabrik
14, rue P. Schiltz ¬-3786 Tétange
www.ticket-regiona.lu / www.luxembourg-ticket.lu

2.3.2019 Bech: Ale Gemengesall
1, Ënneschtgaass L-6230 Bech
Res.: 799626 / Org.: KonschtBecher

7.3.2019 Schwéidsbeng: Augustinshaus
route du Vin L- Schwéidsbeng
Org.: Kulturcommissioun vun der Gemeng Schengen
Res.: 691 65 76 17 oder: reservation@schengen.lu

8.3.2019 Mënsbech: Sall Bichelgréitchen
Org.: Schëtter Kulturcommissioun

14.3.2019 Mäertert: Centre Culturel
8a, rue du Parc L-6684 Mertert
Org.: Musel-Sauer Mediathéik / Res.: 661 26 74 04

23.3.2019 Holzem: Festsall
5, route de Garnich L. 8277 Holzem
Res.: reservations@mamer.lu
Org.: Kulturcommissioun + Cercle Culturel Mamer

Iwwerall: Ufank 20 Auer
Ausser: CNL-Miersch: 19.30 Auer