Golden Globes 2019"Bohemian Rhapsody" als beschte Filmdrama ausgezeechent

An der Nuecht op e Sonndeg goufen zu Hollywood d'Golden Globes iwwerreecht. Et ass dee wichtegste Filmpräis no den Oscaren.

Golden Globes 2019 (07.01.2019)
An der Nuecht op e Sonndeg goufen zu Hollywood d'Golden Globes iwwerreecht. Et ass dee wichtegste Filmpräis no den Oscaren.
Als beschte Film gouf "Bohemian Rapsody" iwwert de Queen-Frontmann Freddi Mercury ausgezeechent. Och den Rami Malek, deen an dësem Film den Haaptpersonnage verkierpert, gouf fir seng Leeschtung mat engem Golden Globe geéiert.

Déi amerikanesch Actrice Glenn Close gouf mam Golden Globe als bescht Schauspillerin geéiert. Si gouf fir hir Haaptroll am Film "The Wife" ausgezeechent. Et ass där 71 Joer aler Glenn Close hiren drëtten Golden Globe an hirer laanger Carrière.

Déi amerikanesch Sängerin a Schauspillerin Lady Gaga huet iwwerdeems ee Golden Globe fir dee beschte Filmsong gewonnen. De Verband vun der Auslandspresse huet den Titel "Shallow" aus dem Film "A Star Is Born" mat engem Präis gewierdegt.

Als bescht Komedie gouf de Film "Green Book" mat engem Golden Globe ausgezeechent. 

D'Golden Globes gehéiert nieft den Oscars an den Emmys, zu de bedeitendsten Auszeechnungen an der Film- an Televisiounsbranche an en USA. Zanter 1944 gëtt de Präis vun der Hollywood Foreign Press Association (HFPA) verdeelt, déi aus ronn 90 Journalisten aus 55 Länner besteet. Anescht wéi bei den Oscars besteet de Jury hei aus etabléierte Filmkritiker.

Moderéiert gouf déi 76. Editioun vum Komiker Andy Samberg an der Actrice Sandra Oh.



D'Gewënner 2019 vun de wichtegste Kategorien
Beschte Filmdrama - Bohemian Rhapsody
Beschte Komedie/Musical - Green Book

Beschte Schauspillerin, Filmdrama - Glenn Close (The Wife)
Beschte Schauspiller, Filmdrama - Rami Malek (Bohemian Rhapsody)

Beschte Schauspillerin, Komedie/Musical - Olivia Colman (The Favourite)
Beschte Schauspiller, Komedie/Musical - Christian Bale (Vice)

Beschten Niewenduerstellerin - Regina King (If Beale Street Could Talk)
Beschten Niewenduersteller - Mahershala Ali (Green Book)

Beschte Regie - Alfonso Cuarón (Roma)

Beschten net-englischsproochege Film - Roma

Beschte Filmsong - Shallow (A Star Is Born)

All d'Gewënner op ee Bléck

Nominéiert waren
Beschte Filmdrama

BlacKkKlansman
Bohemian Rhapsody
If Beale Street Could Talk
A Star Is Born
Black Panther

Beschte Komedie/Musical

Crazy Rich Asians
The Favourite
Green Book
Mary Poppins Returns
Vice

Beschte Schauspillerin, Filmdrama

Glenn Close (The Wife)
Lady Gaga (A Star Is Born)
Melissa McCarthy (Can You Ever Forgive Me?)
Nicole Kidman (Destroyer)
Rosamund Pinke (A Private War)

Beschte Schauspiller, Filmdrama

Bradley Cooper (A Star Is Born)
Rami Malek (Bohemian Rhapsody)
Willem Dafoe (At Eternity’s Gate)
John David Washington (BlacKkKlansman)
Lucas Hedges (Boy Erased)

Beschte Schauspillerin, Komedie/Musical

Emily Blunt (Mary Poppins Returns)
Olivia Colman (The Favourite)
Elsie Fisher (Eighth Grade)
Charlize Theron (Tully)
Constance Wu (Crazy Rich Asians)

Beschte Schauspiller, Komedie/Musical

Christian Bale (Vice)
Viggo Mortensen (Green Book)
Robert Redford (The Old Man & the Gun)
Lin-Manuel Miranda (Mary Poppins Returns)
John C. Reilly (Stan & Ollie)

Beschten Niewenduerstellerin

Claire Foy (First Man)
Amy Adams (Vice)
Regina King (Beale Street)
Emma Stone (The Favourite)
Rachel Weisz (The Favourite)

Beschten Niewenduersteller

Mahershala Ali (Green Book)
Timothée Chalamet (Beautiful Boy)
Adam Driver (BlacKkKlansman)
Richard E. Grant (Can You Ever Forgive Me?)
Sam Rockwell (Vice)

Bescht Regie

Alfonso Cuarón (Roma)
Bradley Cooper (A Star Is Born)
Peter Farrelly (Green Book)
Spike Lee (BlacKkKlansman)
Adam McKay (Vice)

Beschten net-engleschsproochege Film

Never Look Away
Roma
Girl
Capernaum
Shoplifters

Beschten Animationsfilm

Incredibles 2
Isle of Dogs
Mirai no Mira
Ralph Breaks the Internet
Spider-Man: Into the Spider-Verse

Bescht Dréibuch

Alfonso Cuarón (Roma)
Brian Hayes Currie, Peter Farrelly an Nick Vallelonga (Green Book)
Deborah Davis an Tony McNamara (The Favourite)
Barry Jenkins (If Beale Street Could Talk)
Adam McKay (Vice)

Bescht Filmmusek

Marco Beltrami (A Quiet Place)
Alexandre Desplat (Isle of Dogs)
Ludwig Göransson (Black Panther)
Justin Hurwitz (First Man)
Marc Shaiman (Mary Poppins Returns)

Beschte Filmsong

All the Stars (Black Panther)
Girl in the Movies (Dumplin’)
Requiem for a Private War (A Private War)
Revelation (Boy Erased)
Shallow (A Star Is Born)

Beschten Dramaserie

The Americans
Bodyguard
Homecoming
Killing Eve
Pose

Beschte Komedie/Musical-Serie

Barry
The Good Place
Kidding
The Kominsky Method
The Marvelous Mrs. Maisel

Beschten Haaptduerstellerin, Dramaserie

Caitriona Balfe (Outlander)
Elisabeth Moss (The Handmaid’s Tale)
Sandra Oh (Killing Eve)
Julia Roberts (Homecoming)
Keri Russell (The Americans)

Beschten Haaptduersteller, Dramaserie

Jason Bateman (Ozark)
Stephan James (Homecoming)
Richard Madden (Bodyguard)
Billy Porter (Pose)
Matthew Rhys (The Americans)

Beschten Haaptduerstellerin, Komedie/Musical-Serie

Kristen Bell (The Good Place)
Candice Bergen (Murphy Brown)
Allison Brie (Glow)
Rachel Brosnahan (The Marvelous Mrs. Maisel)
Debra Messing (Will & Grace)

Beschten Haaptduersteller, Komedie/Musical-Serie

Sacha Baron Cohen (Who Is America?)
Jim Carrey (Kidding)
Michael Douglas (The Kominsky Method)
Donald Glover (Atlanta)
Bill Hader (Barry)