Paul McCartneyWho Cares? WE DO!!!

Den Ex-Beatle leet mat engem fulminante Video no. Den Album Eqypt Station huet sou munch Iwwerraschung verstoppt...

Wéi zum Beispill d'Lidd Who Cares an deem et ëm Mobbing geet a virun allem datt et meeschtens op mannst eng Persoun gëtt där dat net egal ass. Wéi och scho bei de Lidder virdrun, Fuh You an ënner anerem Come On To Me, huet de Paul McCartney och fir Who Cares en immens flotte Video realiséiert.

Dës Kéier souguer mat Ënnerstëtzung vun Hollywood, net datt de Sir drop ugewise wär, mä mat der Schauspillerin Emma Stone huet de Paul eng Fra erwëscht déi awer wierklech d'Stëmmung vu sengem aktuellen Album Egypt Station erëmspigelt. Wa bei Come On To Me a Fuh You de Paul McCartney nëmmen ze héiere war, sou spillt hien am Video fir Who Cares endlech selwer mat; de fréiere Member vun de Beatles spillt fir d'éischt eng Zort Psychiater, en Hypnotiseur an duerno, an enger surrealer Welt, sech selwer.