Film vun der WochTHE FAVOURITE vum Yorgos Lanthimos

De leschte Sonndeg krut déi englesch Actrice Olivia Colman zu Hollywood de Golden Globe als bescht Schauspillerin an enger Komedie, fir hir Roll als Kinnigin Anne vu Great Britain am Yorghos Lanthimos senger batterbéiser Geschichtslektioun THE FAVOURITE. D’Olivia Colman, déi deemnächst och d’Kinnigin Elizabeth II (wat e Kontrast) an der drëtter Staffel vun der Netflix-Serie THE QUEEN spille wäert, ass d’Haaptduerstellerin vum Film, nieft dem Rachel Weisz, déi d’Lady Sarah Churchill spillt an der Emma Stone, déi an der Roll vun der Lady Sarah hirer Cousine Abigail Hill ze gesinn ass.


THE FAVOURITE spillt an England am 18. Joerhonnert, wou d’Anne Queen of Great Britain and Ireland zënter dem 8. Mäerz 1702 ass. D’Anne ass kierperlech a geeschteg net besonnesch gutt drop, wärend hiert Land am Krich mat Frankräich ass. D’Regierungsgeschäfter, déi si net richteg assuméiere kann, gi méi oder wéineger offe gefouert vun der Queen hirer beschter Frëndin, der Lady Sarah Churchill, déi nawell weess, wéi een intrigéiert, fir hir eege politesch Iddien duerchzesetzen. Engesdaags taucht d’Abigail Hill um kinneklechen Haff op – si ass eng Kusinn vun der Lady Churchill, déi an Aarmut verfall ass, an déi ëm eng Aarbecht um Haff biedelt. Si gëtt ufanks als Déngscht- a Botzmod agestallt, bréngt et awer zimlech séier fäerdeg, sech an der Gonscht vun der Kinnigin anzeschläichen an den Afloss vun hirer Kusinn ze ënnerwanderen. Kee Wonner also, datt d’Atmosphär um Haff ëmmer méi vergëft gëtt …

Ech war bis elo kee besonnesche Frënd vum griichesche Regisseur Yorgos Lanthimos, dee sech zënter e puer Joer mat Filmer wéi THE LOBSTER oder THE KILLING OF A SACRED DEER bei der internationaler Kritik en zimlech gudden Numm gemaach huet. Nodeems ech THE FAVOURITE gesinn a virun allem genoss hunn, hunn ech mer allerdéngs virgeholl, déi zwee éischt Filmer nach eng Kéier ze kucken, fir deem gudde Mann eng zweet Chance ze ginn. Well ech hunn zënter dem Stanley Kubrick sengem monumentale BARRY LYNDON keen historesche Film gesinn, déi mech esou begeeschtert huet wéi dem Lanthimos seng batterbéis a gehässeg Chronik vum engleschen Haff viru laange Joren. Dräi groussaarteg Schauspillerinnen, déi de ganze Register vun hirem Talent ausspillen dierfen, eng Mise en Scène, déi dat verstëbsten England an engem ganz moderne Liicht reflektéiert, politesch Intrigen a Muechtspillercher, déi an hirer Arroganz net wäit ewech si vun deem, wat momentan am britesche Parlament mam Brexit iwwer d’Bühn geet a Fraefiguren, déi op enger Säit extrem emanzipéiert sinn, op der anerer Säit awer sou perfid an intrigant sinn, datt se net wierklech an d’Bild vun deem passe wëllen, wat momentan als “Me too”- Beweegung bezeechent gëtt.  

Formell ass de Film grad sou spannend wéi vun der Story oder der Inzenéierung hier. Dem Lanthimos seng Kamera schafft zum Deel mat extreme Wäitwénkelen, wat d’Biller heiansdo grotesk verzerrt, woumat och erëm un dat erënnert gëtt, wat am Palais geschitt. D’Kostümer vun de Personnagen an d’Dekore si grad sou recherchéiert wéi deemools beim Kubrick, an dat Ganzt ergëtt e quasi schizophrene Film, bei deem ee munchmol net weess, ob ee laachen oder kräische soll – deen awer sou faszinéierend ass, datt een nach laang driwwer nodenkt, wann d’Luuchten am Kino nees ugaange sinn. THE FAVOURITE ass Kino fir en erwuessent an intelligent Publikum, fir Leit déi sech net wëlle mat iwwerflächleche Filmer ofginn, bei deenen alles scho virgeknat gouf. Sou kann et 2019 roueg weidergoen!

                                                                                                                                                                                           Jemp Thilges

 

 

 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.