OpderschmelzJohn Rech ersetzt Danielle Igniti um Direkteschposten

Vum 1. Mäerz un iwwerhëlt, wéi erwaart, de John Rech d’Successioun vum Danielle Igniti als Direkter vum Kulturzenter "Opderschmelz" zu Diddeleng.

John Rech an Dan Biancalana© Christiane Kremer / RTL Radio Lëtzebuerg

Dat ass en Dënschdeg de Moie bei der Pressekonferenz vum neie Programm matgedeelt ginn.

Hei de Programm vun OpderSchmelz

Den John Rech schafft schonn zënter laange Joren fir de Service culturel zu Diddeleng an ass och vun Ufank un "OpderSchmelz" derbäi.

Datt den John Rech Museker ass, ass gewosst, als Sänger vun de Bands T42 bis Dreamcatcher oder als Organisateur vum "Zeltik" respektiv der Fête de la musique, huet hie vrun allem eng Sensibilitéit fir déi Spart. Mä aschaffe konnt e sech an de leschten knapp 12 Joer och an den aneren Domäner.

De ganzen Interview mam John Rech



Stéchwuert Continuitéit - der Stad Diddeleng ass d'Kultur wichteg, ëmmerhin steet se mat 10% am Budget. Dorunner wäert sech näischt änneren, sou déi politesch Responsabel. Dat gëllt natierlech fir all kulturell Aktivitéiten an der Stad. A vun den 2 Milliounen, déi an de Kulturzenter gestach ginn, sinn 80% fir d'Kënschtler, dat erlaabt et eng Programmatioun ze maachen, déi och kleng an nei Projeten ënnerstëtze kann. Dat war bis elo d'Ligne a wäert se och bleiwen.

Continuitéit soll et och an Zukunft um organisatoresche Plang ginn. Do këmmert sech nieft dem Direkter eng ganz Equipe drëm, sou den John Rech.

John Rech iwwer déi seng Nei Aufgab



© RTL-Archiv


© Christiane Kremer / RTL Radio Lëtzebuerg