Onrou am MudamKulturministesch Sam Tanson wëll sech net amëschen

D'Onrou am Mudam war en Donneschdeg de Moien och Sujet an der Kulturkommissioun an der Chamber.

D'Sam Tanson huet betount, datt si sech selwer e Bild vun der Situatioun misst maachen an huet d'Direktesch vum Mudam, Suzanne Cotter en Donneschdeg de Mëtteg gesinn. Eng Entrevue, déi souwisou geplangt war, mä op Hibléck op déi aktuell Diskussioune ronderëm den zäitgenëssesche Musée, wollt d'Kulturministesch vum Gespréich profitéieren, fir méi Kloerheet ze kréien.

No der Entrevue mat der Directrice vum Mudam huet d'Sam Tanson nach eemol ënnerstrach, datt si net Wëlles huet fir sech anzemëschen. E Mëttwoch war jo en anonymme Bréif verëffentlecht ginn, deen op Mëssstänn beim Personal soll opmierksam maachen.  

D’Ministesch huet och präziséiert, datt d’Suzanne Cotter hier matgedeelt huet, datt fir déi aner Woch en Echange mat der Equippe geplangt ass. D’Directrice vum Mudam géif d’Situatioun eescht huelen.


Onrouen am Mudam - Reportage Claudia Kollwelter

E Mëttwoch war een anonymme Bréif verëffentlecht ginn, dee sech ënnert anerem un d'Direktioun geriicht hat, fir op Mëssstänn vum Personal opmierksam ze maachen.

RTL-Artikel: Lettre anonyme: Malaise au Mudam, la direction réagit

An der Kulturkommissioun an der Chamber huet déi nei Kulturministesch déi wichtegst Punkten aus dem Koalitiounsaccord den Deputéierte presentéiert.

"Natierlech sinn d'Onrouen am Mudam eppes wat mech beonrouegt" - dat sot déi nei Kulturministesch Sam Tanson de Moien an der Chamber. An der Kulturkommissioun huet si den Deputéierten de Volet Kultur am Koalitiounsaccord presentéiert. Wéinst engem anonymme Bréif dee gëscht publizéiert gouf, deen ënnert anerem un d'Direktioun adresséiert war, an an deem d'Mëssstänn vum Personal thematiséiert goufen, war de Mudam de Moien och Sujet um Krautmaart.

D'Doleancë vum Personal wiere keng nei, dat seet den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum. Hie mengt datt de Problem doran besteet datt dat ganzt vun engem Verwaltungsrot dirigéiert gëtt wou net just d'Interête vum Kultursecteur vertruede sinn, mä och nach ganz anerer. Dat ganzt soll dem Marc Baum do e wéineg a Richtung Businessplang hin orientéiert ginn, also net nëmme kulturell, mä och wirtschaftlech Aspekter. Dass elo Leit, déi jorelaang um Opbau vum Mudam geschafft hunn "rabbelkäppeg" ginn, wier absolut verständlech.

Der Kulturministesch Sam Tanson no géing sech d'Fro stellen a wéi wäit een iwwert d'Organisatioun vum Verwaltungsrot misst kucken. Et hätt een do eng Vertriederin vum Ministère dran an hei hätt een och bis ewell e gudde Retour. An déi alldeeglech Gestioun vum Mudam wéilt d'Ministesch sech awer net amëschen. Allerdéngs wéilt d'Sam Tanson gäre wësse wat do genee lass ass an och sécherstellen, dass d'Leit och nees Vertrauen hunn.

Eens waren sech d'Deputéiert iwwert d'Wichtegkeet vum Mudam fir Lëtzebuerg a fir d'Kultur. Der CSV Deputéiert Octavie Modert no wier et gutt wann déi nei Kulturministesch sech ëm dat Haus géing këmmeren. Et hätt een sech erwaart, dass d'Ministesch schonn eng gewësse Meenung iwwert déi ganz Saach hätt. Et wier elo wichteg, dass déi nei Ministesch sech anescht wéi de leschte Minister, sech géif ëm de Sujet këmmeren.

D'Sam Tanson huet ënnerstrach datt et wichteg wier datt d'Fonctionnement vum Haus gutt klappt an d'Situatioun, wéi se elo ass, géif hier och Suerge maachen.

D'Kulturministesch huet d'Direktesch vum Mudam, Suzanne Cotter en Donneschdeg de Mëtteg gesinn. E Rendezvous dee souwisou geplangt war, mä deen natierlech elo an engem anere Liicht stoung.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.