Oscar-Nominatiounen"Roma" a "The Favourite" allebéid 10 Mol nominéiert
Bei de Filmer sinn an der Course: Black Panther, BlacKkKlansman, Bohemian Rahpsody, The Favourite, Green Book, Roma, A Star is born a Vice.
Vun RTL
Als "bescht Acteure" goufen nominéiert: Christian Bale, Bradley Cooper, Willem Dafoe, Rami Malelk an de Viggo Mortensen.
An als "bescht Actrice": Yalitza Aparicio, Glenn Close, Olivia Colman, Lady Gaga a Melissa McCarthy.
Am meeschten nominéiert: - Roma 10 Mol - The Favorite 10 Mol - Vice 8 Mol - A Star is born 8 Mol (dee Film gouf jo als grousse Favorit gehandelt), dorënner beschte Song (Shallow/Gaga), bescht Actrice (Gaga), beschten Acteur (Bradley Cooper) a beschte Film - Black Panther 7 Mol - Bohemian Rhapsody 5 Mol
Als beschten net-englesche Film gouf ënnert anerem "Werk ohne Autor" vum däitsche Regisseur Florian Henckel von Donnersmarck nominéiert.
E Sonndeg, 24. Februar ginn d’Oscaren iwwerreecht. Et ass ewell déi 91. Zeremonie.
Loggt Iech w.e.g. an, fir dësen Artikel ze kommentéieren. Reservéiert Iech esou Ären "Nickname"! (Är Bäiträg ginn ënnert Ärem "Nickname" an ouni E-Mail-Adress verëffentlecht. Natierlech kënnt Dir Är Bäiträg och mat vollem Numm signéieren, dofir einfach déi betreffend Case bei Äre Login-Donnéeën ukräizen.)
Dir hutt de falsche Login an/oder Passwuert aginn.
D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.! Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.
Är Commentairen - Netikett
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.