Gréisste Lëtzebuerger Kinoerfolleg"Superjhemp Retörns" op der Berlinale 2019

De Film hat e Freideg um 9.45 Auer am CinemaxX 19 zu Berlin seng international Première.

De Film "Superjhemp Retörns" vum Félix Koch (Samsa Film), dee gréisste Lëtzebuerger Kinoerfolleg vun allen Zäite mat 60.000 Entréeën an 3 Méint, ass fort op d’Berlinale 2019.

De Film hat e Freideg um 9.45 Auer am CinemaxX 19 zu Berlin seng international Première a gouf dofir vu sengem Sponsor Luxair op Berlin geflunn.

De Film gouf um Stand 164 (MOREFILMS/PTD) um éischte Stack vum Martin Gropius Bau (EFM) gewisen, dat zesumme mam Film "MURER - Anatomie eines Prozesses" vum Christian Frosch, dee mam éisträichesche Filmpräis 2019 ausgezeechent gouf.

En Donneschdeg den Owend war d'Erëffnung vun der 69. Editioun vun der Berlinale 2019. Op RTL.lu fannt Dir an den nächsten Deeg e Blog vum Joy Hoffmann iwwert de Filmfestival zu Berlin.

RTL-Artikel: Berlinale 2019 - 1. Blog vum Joy Hoffmann: Ouverture vun der 69. Berlinale!


 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.