"Luxileaks": Den neie Programm vum Cabarenert

De leschten Donneschdeg war an der Abtei Neimünster d'Première vum neie Programm vum Cabarenert "Luxileaks".

D'Kabarettisten am Land sinn dëst Joer méi wéi geplot. D'Aktualitéit ass sou séier wéi nach ni- wat gëschter nach aktuell war ass haut schonn iwwerholl. De Programm „Luxileaks“ setzt op al Stäerkten, ugefaange mat de bekannten Auteuren: Roll Gelhausen, Jay Schiltz, Guy Wagner a Jhemp Hoscheit, déi an der Vergaangenheet jo scho fir den Ensembel geschriwwen hunn. An da gëtt et och een Text vum Josy Braun, als Erënnerung un de verstuerwenen Auteur, dee jo de Cabarenert matgegrënnt hat. D'Themen, déi zur Sprooch kommen, si séier opgezielt: Wahlen, CSV, SREL an natierlech de Bommeleeërprozess- lauter Themen, déi natierlech iergendwéi zesummenhänken.

Op der Bühn stinn déi Leit, déi scho virun 2 Joer de Programm gespillt hunn: nieft dem Museker Camille Nanquette, d‘Karin Seywert, de Marcel Heintz, den Al Ginter an d'Monique Melsen, déi eenzeg, déi vun Ufank u beim Cabarenert derbäi ass. An et muss ee soen, si stécht eraus: souwuel beim Gesank, wéi beim Spill an natierlech och nach ëmmer bei de Parodien. Allerdéngs sinn d’Männerparodien och méi schwéier, well sou vill nei Gesiichter optauchen. E Personnage wéi de Pierre Reuland, gëtt awer besonnesch duerch den Text, gutt vum Al Ginter duergestallt a situéiert.

Cabarenert 2014: D'Christiane Kremer war op der Première.

De Programm vun de Virstellungen op cabarenert.lu.





 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.