AntoineLëtzebuerger Kuerzfilm gouf 2 mol ausgezeechent

De Court-métrage “Antoine”, dee vum Cyrus Neshvad realiséiert gouf, krut de Präis “Best short” beim “International Film Festival of Florida” iwwerreecht.

Och de "Grand prix international du Jury” op der 11. Editioun vum Festival “les 24 courts” a Frankräich geet un déi Kuerzproduktioun.

"Antoine" ass offiziell fir 9 verschidde Festivalle selectionéiert ginn an ass och de nächste Weekend um Festival "Courtoujours" zu Genf an der Schwäiz vertrueden. 

De Film gouf dann awer och fir de Lëtzebuerger Filmpräis nominéiert, deen de 7. Mäerz ass a gëtt iwwregens den 3. Mäerz am Kader vum Discovery Zone Festival gewisen.

Synopsis : Depuis que Antoine, médecin du monde ne prend plus le temps de venir la voir, Renée est persuadée d’avoir été une mauvaise mère.

Ecrit et réalisé par Cyrus Neshvad, Produit par Adolf El Assal et Cyrus Neshvad. Avec Annette Schlechter, Max Pütz et Raoul Schlechter. Caméra: Nikos Welter, Montage: Marc Recchia


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.