Ganz "offiziellen" GebuertsdagD'Lëtzebuerger Sprooch kritt um Méindeg 30 Joer

Natierlech net d’Sprooch u sech, déi gëtt et jo scho vill méi laang, ma um Méindeg virun 30 Joer ass dat sougenannte Sproochegesetz a Kraaft getrueden.

Domat ass Lëtzebuergesch awer net zur Amts- oder zur offizieller Sprooch vum Land, mä zur "Sprooch vun de Lëtzebuerger" deklaréiert ginn. An d'Lëtzebuergescht koum als drëtt Sprooch nieft Däitsch a Franséisch als Verwaltungssprooch dobäi. Domat gouf dann och per Gesetz e Schlussstréch ënnert d’Diskussioune gezunn, ob et sech beim Lëtzebuergeschen ëm ee musel-fränkeschen Dialekt oder ëm eng eege Sprooch handelt.

De Peter Gilles vun der Uni Lëtzebuerg, deen de leschte Freideg, um Dag vun der Mammesprooch, de Freides-Invité op Radio Lëtzebuerg war, seet, dass de 24. Februar 1984 e ganz wichtegen Dag fir Lëtzebuerg war an nach ëmmer ass.

Wann een d'Gesetz awer genee kuckt, muss een zouginn, dass net ganz vill drasteet. "Et si just e puer kleng Artikelen, ma genee dat ass de Succès", seet de Peter Gilles.

Lëtzebuerger Sprooch feiert "Gebuertsdag" - Marie Gales