"Eng nei Zäit"Et ginn nach Leit fir d'Dréiaarbechte gesicht!

Ufank August goung et mat den Dréiaarbechten um neie Film vum Christophe Wagner lass, dee jo fir "Doudege Wénkel" de Lëtzebuerger Filmpräis krut.

"Eng nei Zäit", deen zu Lëtzebuerg an der Nokrichszäit spillt, gëtt bis Mëtt September virun allem an Aussendekoren am Norde vum Land gedréint. Eng lëtzebuergesch-belsch Koproduktioun, déi op enger reeller Geschicht baséiert.

Film "Eng nei Zäit": Rep. Danièle Michels



De sougenannte Fall Bernardy, e fënneffache Mord bei Ettelbréck am Joer 1945, ass den Ausgangspunkt vum Film. De Fall gouf bei der Ausstellung "Mord und Totschlag" 2009 am Musée vun der Stad Lëtzebuerg vum Historiker Claude Wey nei ënnersicht an d’Viviane Thill ass vun deenen Analysen ausgaangen, fir en Dréibuch ze schreiwen.

Esouwuel d'Produzenten ewéi och de Regisseur an d’Zeenaristin si sech bewosst, datt d'Nokrichszäit net nëmmen am Kino, mä zu Lëtzebuerg am Allgemenge wéineg behandelt gouf. Si hoffen op eng gréisser Diskussioun iwwert de Sujet.

An der Haaptroll ass de Luc Schiltz ze gesinn.



CASTING CALL

Fir de Film ginn elo nach kuerzfristeg Frae gesicht, déi dënn sinn an déi ganz kuerz Hoer hunn, respektiv d'accord domat sinn, datt hinnen d'Hoer ganz kuerz geschnidde gi fir eng Zeen am Film (e puer Zentimeter).

Den Optrëtt gëtt natierlech bezuelt.

Gedréit ginn déi Zeene schonn den 19. August, also séier mellen: samsacasting@gmail.com

Interessente si gebieden, 2 Fotoe matzemailen ("une photo portrait et une photo sur pied - ces photos n'ont pas besoin d'être professionnelles, mais peuvent être des photos de Facebook, des vacances, etc.").

Well alles an allem bis zu 600 Statiste gesicht ginn, kann ee sech nach bis Mëtt September mellen, fir bei där enger oder anerer Zeen derbäi ze sinn. Virun allem Männer gi gebraucht ...

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.