"diariesof"Éischt Crowdfounded-Magazin zu Lëtzebuerg

"diariesof" ass e Reesmagazin, deen iwwer Crowdfounding finanzéiert ginn ass. Iwwer 4.000 Euro kruten d'Auteure vum Magazin eran.

Hir Reesen hunn d'Anabela an de Jorge Valente dozou animéiert e Magazin iwwer Plazen op der Welt ze maachen.

"diariesof" kënnt zweemol am Joer eraus a gëtt vun enger internationaler Equippe vu Fotografen, Blogger a Reesexperten erstallt. De But vum Magazin ass, de Lieser mat Artikelen a flotte Fotoen iwwer all méiglech Länner a Plaze vun der Welt, ze begeeschteren.

Starte mécht de Magazin mat engem Reportage iwwer Chile.

© diariesof


De Communiqué de Presse:

diariesof - Éischten Magazin deen iwwert "crowdfunding" zu Lëtzebuerg lancéiert gëtt

diariesof huet iwwert eng crowdfunding Plattform (http://www.ulule.com/diariesof/) den néidegen Budget zesummekritt fir déi éischt Ausgab ze realiséieren an wärt ganz geschwënn an den Kiosken, an an den Librairien erhältlech sinn.

Déi zwee Grënner, d'Anabela an den Jorge Valente, sinn eng abenteuerlech Koppel déi di 7 Kontinenten schonn bereest huet. Hier läscht Rees duerch Südamerika mat hirem Motorrad huet si inspiréiert dësen Magazin ze grënnen.

diariesof ass een Magazin dat zweemol d'Joer eraus kennt, an vun engem Internationalen Team aus Fotografen, Blogger an Rees- erstallt gëtt. All Ausgab behandelt ausschliisslech een Land. diariesof wëll virun allem, net nëmmen den Lieser mat flotten Fotoen an Artikelen begeeschteren, mais haaptsächlech en dozou inspiréieren, selwer d'Wallis ze packen an nei Länner kennenzeléiren!

© diariesof

"Mir wollten, Inspiratioun an Rees-Iddien ubidden, an dat engem schéinen an eleganten Magazin" seet d'Matgrënnerin Anabela. 

Déi éischt Ausgab dréint sech em den Chile. An deenen verschiddenen Artikelen liest een iwwert perséinlech Erliefnisser an aner Abenteuer, souwéi interessant Interviewen vun Lokalen Léit. diariesof beinhaltet och Fotoreportagen iwwert Sozial an Humanitär Projet'en déi notamment vun Lëtzebuergesch Organisatiounen hei am Land ënnerstëtzt ginn.

Eng crowdfunding Campagne gouf am August lancéiert an huet an nëmmen 30 Deeg säin finanziellt Ziel erreecht. D'Campagne leeft nach während puer Deeg, an et kann een nach ëmmer den Projet ënnerstëtzen, beziehungsweis eng Pré-Commande vum Magazin maachen http://www.ulule.com/diariesof/ 

Méi Informatiounen zu dësem Rees-Magazin "Made in Luxembourg" fannt dier ob http://www.ulule.com/diariesof/.

© diariesof

Crowdfunding 

Mat Crowdfunding kann en Kreativ Projet'en finanzéieren. Dat Besonnescht beim Crowdfunding ass, dass vill Léit – also d'Crowd – een Projet finanziell ënnerstëtzt an esou den Projet eréischt erméiglecht gëtt. D'Léit kréien dann fir hier Ënnerstëtzung den fäerdegen Produkt oder soss eng Géigeleeschtung am Fall wou den Projet säin Ziel erreecht huet.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.