Lëtzebuerger BuchpräisDen Eppes, Kasematten, Anne's Kitchen & All Dag verstoppt...

Am Virfeld vun de "Walfer Bicherdeeg" gouf um Mëttwoch den Owend zu Walfer de Lëtzebuerger Buchpräis a 4 Kategorien iwwerreecht.

Fir d'éischt huet e Jury decidéiert, wéi eng Bicher vun der Long- op d'Shortlist kommen, dono konnten d'Lieser online fir hire Favorit ofstëmmen - an deene 4 Kategorie stoungen allkéiers 4 Bicher zur Auswiel.

Buchpräis: D'Joëlle Muller huet en am Kiosk virgestallt



An esou hunn déi ronn 2500 Leit, déi matgemaach hunn, gewielt:

Literatur:
- "All Dag verstoppt en aneren", Gast Groeber (Op der Lay)

Konscht:
- "Kasematten – Auf Spurensuche in der Festungsstadt Luxemburg", Jérôme Konen (Jérôme Konen Productions)

Sachbuch:
- "Anne's Kitchen", Anne Faber (Editions Schortgen)

Kanner & Jugend:
- "Den Eppes", Jhemp Hoscheit/Dorota Wünsch (Editions Guy Binsfeld)

Dës 4 Bicher kréien also de Buchpräis 2014. Präisgeld an all Kategorie: 500 Euro.

Spezialpräisser vum Jury fir d'Gestaltung (Illustratiounen a Grafik) vum Buch ware fir:
- "Den Eppes", vum Jhemp Hoscheit/Dorota Wünsch (Binsfeld)
- "La dame à la mise en plus mauve", vum Laurence Klopp (Kremart)

De Buchpräis war déi Kéier schonn um Mëttwoch, well um Donneschdeg ass den Optakt vun der "Karlsruher Bücherschau", bei där Lëtzebuerg Gaaschtland ass.

Duerch den Owend am Festzelt zu Walfer huet d'Marie Gales gefouert, fir d'Musek hu "Petz Hartert and Friends" gesuergt.



Dës Wierker waren op der Shortlist

54 Bicher haten d'Lëtzebuerger Verleeg an d'Course fir de Buchpräis geschéckt. Dat waren der rekordverdächteg vill. Wéi eng Bicher et vun dëser ganz laanger "Longlist" op d'"Shortlist" mat just nach 16 Wierker gepackt hunn, hat e Jury decidéiert: Ian de Toffoli (Universitéit Lëtzebuerg), Marc Hoffmann (Cactus), Danie Köller ("Buchgestalterin"), Nicole Sahl (CNL) a Serge Tonnar (Museker). Éierepresidentin war nees d'Françoise Schlink.

An de 4 Kategorië konnten d'Lieser ofstëmmen. Wien déi meeschte Stëmme krut, huet um Enn gewonn.

Literatur:
- ROUGHMIX, Roland Meyer (Op der Lay)
- La dame à la mise en plis mauve, Laurence Klopp (Kremart)
- All Dag verstoppt en aneren, Gast Groeber (Op der Lay)
- Der Suppenfisch, Georges Hausemer (capybarabooks)

Konscht:
- Capriccio, Roland Schauls (Imprimerie Centrale)
- Lëtzebuerg Moderne (Maison Moderne)
- Kasematten – Auf Spurensuche in der Festungsstadt Luxemburg, Jérôme Konen (Jérôme Konen Productions)
- Michel Majerus' progressive aesthetics, Paul Dell (Editions Saint-Paul)

Sachbuch:
- Familien der Oberschicht in Luxemburg, Josiane Weber (Editions Guy Binsfeld)
- Anne's Kitchen, Anne Faber (Editions Schortgen)
- Eng Geschicht vun der Konscht vun haut, Claude Moyen (Editions Saint-Paul)
- Firwat?, Erny J. Lamborelle (Op der Lay)

Kanner & Jugend:
- Den Eppes, Jhemp Hoscheit/Dorota Wünsch (Editions Guy Binsfeld)
- De Bier, den eng Méck verschléckt hat, Claudine Muno/Pascale Junker (Op der Lay)
- Mammendag, Christiane Kremer/Anne Mélan (Kremart)
- De Ricky ass verléift, Jasmine Braun/Susy Schmit (Editions Rol Schleich)

De Buchpräis gëtt organiséiert vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren zesumme mam Verband vun de Lëtzebuerger Buchhändler an der Walfer Gemeng. Wéinst dem 20. Gebuertsdag zitt déi d'Bicherdeeg dëst Joer nach méi grouss op.

COMMUNIQUÉ

Verleihung des Lëtzebuerger Buchpräis 2014:

Und die Gewinner sind …

Zum Auftakt der 20. Walfer Bicherdeeg fand am Mittwochabend die 9. Auflage des Lëtzebuerger Buchpräis statt. In diesem Jahr führte erstmalig RTL-Moderatorin Marie Gales durch die Veranstaltung, während Patrick Hartert & Friends gewohnt gut gelaunt für die musikalische Begleitung des Abends sorgten.
Nachdem die diesjährige Jury im Rahmen eines Empfangs in der hauptstädtischen Cité-Bibliothèque die Shortlist mit den Anwärtern auf den Titel in den vier Kategorien Kinder- und Jugendbuch, Literatur, Sachbuch sowie Bild- und Kunstband vorgestellt hatte, war in den vergangenen Wochen wieder einmal das Publikum eingeladen, auf den Internetseiten der teilnehmenden Buchhandlungen, auf www.bicherdeeg.lu oder auf www.rtl.lu für seine Favoriten abzustimmen.
Rekordverdächtige 2.500 Bücherfreunde machten in diesem Jahr mit. Zu gewinnen gab es für vier von ihnen Büchergutscheine im Wert von jeweils 200 Euro. Auf einen „Coup de Cœur-Preis“ konnte die Jury sich diesmal zwar nicht einigen, doch dafür wurde erstmalig der neu eingeführte „Spezialpreis der Jury“ vergeben.

Die Buchpreisgewinner 2014 lauten:

Kategorie Kinder- und Jugendbuch:
Jhemp Hoscheit & Dorota Wünsch:
Den Eppes
Editions Guy Binsfeld

Kategorie Literatur:
Gast Groeber
All Dag verstoppt en aneren
Op der Lay

Kategorie Sachbuch:
Anne Faber
Anne’s Kitchen
Editions Schortgen

Kategorie Bild- und Kunstband:
Jérôme Konen
Kasematten – Auf Spurensuche in der Festungsstadt Luxemburg
Jérôme Konen Productions

Spezialpreise der Jury in zwei Kategorien:

- Spezialpreis in der Kategorie Literatur:
Kremart für « La dame à la mise en plis mauve » von Laurence Klopp, für Illustrationen und Grafik von Natacha Paschal

- Spezialpreis in der Kategorie Kinder- und Jugendbuch:
Editions Guy Binsfeld für „Den Eppes“ von Jhemp Hoscheit und Dorota Wünsch für die Illustrationen von Dorota Wünsch

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.