Roman ausgezeechentServais-Präis fir "Roughmix" vum Roland Meyer

De Jury lueft, et wier "en aktuellen, spannenden an amusante Roman, deem seng ongenéiert Tonalitéit a bewosst fragmentéiert Form de Lieser iwwerraschen".

Mam Servais-Präis gëtt all Joer dat bedeitendst literarescht Wierk ausgezeechent. Fir de Jury ass dat déi Kéier "Roughmix" vum Roland Meyer. De Roman ass am Verlag "Op der Lay" erauskomm. De Präis ass mat 6.000 Euro dotéiert.

De geléierte Schoulmeeschter Roland Meyer ass vrun allem bekannt fir seng Geschichten a Lidder fir Kanner a fir seng Kabaretstexter vum Ensembel Sténkdéier. "Roughmix" ass den zweete Roman vum Roland Meyer an erzielt aus verschiddene Perspektiven vu Mënschen, déi aus Lëtzebuerg wëlle fort. D'Decisioun vum Jury huet den Auteur iwwerrascht.

De Roland Meyer



Am Jury waren Jeanne E. Glesener, Odile Linden, Claude Mangen, Pierre Marson (President), Jeanne Offermann, Alex Reuter, Annette Schlechter, Sébastian Thiltges an Isabelle Weis. An hirem Argumentaire heescht et ënnert anerem: "Mat enger gepefferter Ironie a voller Uspillunge kritiséiert den Text all Moudephänomener an all Forme vun Ideologie, siefe se politesch, moralesch oder literaresch."

Besonnesch beandrockt huet de Jury och e gelongene Wiessel vun den Erzielperspektiven: "Wéinst dëser ganz eegener schrëfstellerescher Leeschtung, wéinst dem schaarfen, kaleidoskopaartege Bléck op d'Gesellschaft, awer och fir op e wichtege Moment vu Reflexioun iwwer d'Sprooch an d'literaresch Kreatioun hinzeweisen, zeechent de Jury dëst Wierk vum Roland Meyer aus."

De Prix Servais gëtt zanter 1992 verginn.



Communiqué (04.05.2015)
Le Prix Servais 2015 pour Roughmix de Roland Meyer

La Fondation Servais vient de décerner le Prix Servais 2015 à Roland Meyer pour le roman Roughmix paru en langue luxembourgeoise aux éditions Op der Lay à Esch-sur-Sûre. Le Prix Servais récompense depuis 1992 l'ouvrage littéraire le plus significatif paru au cours de l'année précédente. Il est décerné annuellement, sur proposition d'un jury indépendant. Le Prix Servais est doté de 6 000 euros.

Argumentaire du jury:

«Roughmix vum Roland Meyer ass en aktuellen, spannenden an amusante Roman, deem seng ongenéiert Tonalitéit a bewosst fragmentéiert Form de Lieser iwwerraschen. Ouni Kompromësser blécke verschidden, an hirer schifer Individualitéit plastesch erausgeschafften Erzieler zréck op hiert Liewen zu Lëtzebuerg an op hir Dreem vun enger Flucht an aner Länner, déi sech awer all als stereotyp an illusionär Aussteiger-Destinatiounen erausstellen. Mat enger gepefferter Ironie a voller Uspillunge kritiséiert den Text all Moudephänomener an all Forme vun Ideologie, siefe se politesch, moralesch oder literaresch. D'Romanform beandrockt duerch e gelongene Wiessel vun den Erzielperspektiven, eng ënner anerem vun der Rockmusek inspiréiert Kompositioun an duerch e Schreiwen, an deem verschidde Stiler (Roman, Tagebuch, Journalismus) matenee verbonne ginn. Wéinst dëser ganz eegener schrëfstellerescher Leeschtung, wéinst dem schaarfen, kaleidoskopaartege Bléck op d'Gesellschaft, awer och fir op e wichtege Moment vu Reflexioun iwwer d'Sprooch an d'literaresch Kreatioun hinzeweisen, zeechent de Jury dëst Wierk vum Roland Meyer aus. Roughmix ass a Lëtzebuerger Sprooch geschriwwen an ass am Verlag Op der Lay zu Esch-Sauer erauskomm.»

«Roughmix de Roland Meyer est un roman d'actualité, haletant et divertissant, dont la tonalité désinvolte et la forme délibérément décousue sauront surprendre le lecteur. Plusieurs narrateurs, dépeints dans toutes les facettes de leurs personnalités décalées, se livrent, sans concessions, à des rétrospections sur leur vie au Luxembourg et sur leurs rêves de fuite vers d'autres destinations, qui se révèlent comme autant d'échappatoires stéréotypées et illusoires. Au travers d'une ironie mordante, fourmillant de clins d'œil et de détails accusateurs, le texte se moque de tout phénomène de mode et questionne toutes formes d'idéologies, qu'elles soient politiques, morales ou littéraires. L'insaisissable composition narrative, qui s'inspire notamment de la musique rock, est associée à un style protéiforme qui mêle écriture romanesque, écriture de l'intime et écriture journalistique. Le jury a donc décidé de récompenser Roland Meyer pour son travail singulier de l'écriture romanesque, pour le regard cinglant porté sur la société, mais également pour souligner l'important moment d'observation et de réflexion sur la langue et la création littéraire que fournit son œuvre. Roughmix paraît en langue luxembourgeoise aux éditions Op der Lay à Esch-sur-Sûre.»

La date précise de la cérémonie de remise solennelle au Centre national de littérature sera communiquée ultérieurement.

Le jury du Prix Servais 2015 était composé de Jeanne E. Glesener, Odile Linden, Claude Mangen, Pierre Marson (président), Jeanne Offermann, Alex Reuter, Annette Schlechter, Sébastian Thiltges et Isabelle Weis.

Pour de plus amples informations sur l'auteur Roland Meyer :
www.autorenlexikon.lu/page/author/364/3646/DEU/index.html
www.autorenlexikon.lu/page/author/364/3646/FRE/index.html

Les lauréats du Prix de la Fondation Servais

1992 : MANDERSCHEID Roger
1993 : GREISCH Pol
1994 : PORTANTE Jean
1995 : KOHNEN Joseph (Prix spécial)
1996 : JACOBY Lex
1997 : STECKEL Margret
1998 : ENSCH José
1999 : HOSCHEIT Jhemp
2000 : SCHMOETTEN Pol
2001 : HARSCH Roland
2002 : HELMINGER Guy
2003 : SORRENTE Jean
2004 : MUNO Claudine
2005 : JACOBS Jean-Paul
2006 : REWENIG Guy
2007 : SCHLECHTER Lambert
2008 : KOLTZ Anise
2009 : SAX Pol
2010 : REWENIG Guy (Tania Naskandy)
2011 : KRIER Jean
2012 : ORTLIEB Gilles
2013 : GREISCH Pol
2014 : HELMINGER Nico
2015 : MEYER Roland

Communiqué par le Centre national de littérature (ministère de la Culture)

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.